Demande chomage partiel rejetée

Fir d’Betriber ze ënnerstëtzen, duerch d’Covid-Kris ze kommen, setzt d’Regierung ënnert anerem, op den Outil vum Chômage partiel. Wärend sech Lëtzebuerg matten an enger drëtter Infektiounswell befënnt, krute verschidde Patronen als Äntwert op hier Lescht Demande, fir de Chômage Partiell unzefroen, awer e Bréif, an deem si informéiert ginn, dass hier Aktivitéit net méi vum Covid betraff wier an si dofir net méi fir de Chômage partiel a Fro kéimen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng Aktivitéite sinn der Regierung no net méi vun der Pandemie betraff?

  2. Unhand vu wéi enge Krittäre leet d’Regierung fest, wéi eng Aktivitéiten, fir de Chômage partiel a Fro kommen a wéi eng net?

Fro n°3082

Verlaf an der Chamber

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt