Deprecated: ElementorPro\Modules\Posts\Traits\Button_Widget_Trait::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/posts/traits/button-widget-trait.php on line 413

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Media_Carousel::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/media-carousel.php on line 268

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Base::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/base.php on line 520

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Paypal_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/paypal-button.php on line 220

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Classes\Payment_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/classes/payment-button.php on line 501

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Stripe_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/stripe-button.php on line 243

Warning: Undefined array key "options" in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/theme-builder/widgets/site-logo.php on line 124

Ofrëss vu bestoende Gebaier

Bestoend Haiser duerch Renovatioun, Restauratioun an/oder energetesch Optimiséierungen ze erhalen, huet de Virdeel, dass vun der bestoender Bausubstanz profitéiert gëtt, ouni dass duerch en Ofrëss grouss Quantitéiten u Bauschutt ufale géifen. Zousätzlech ginn och eng ganz Rei Zäregas-Emissiounen agespuert, déi bei engem Neibau ufale géifen, a jee no Fall kann et och sinn, dass d’Erhale vun engem Haus zu der Conservatioun vum Patrimoine bäidroe kann.
Den Ëmweltimpakt vum Konstruktiounssecteur war och der Regierung bewosst, wei si 2018 an hirem Koalitiounsaccord festgehalen hat, dass: 

“Le secteur immobilier et de la construction ne consomme pas seulement une part significative des combustibles fossiles, mais aussi des matériaux de construction fossile.”

D’Erhale vun existéierender Bausubstanz spillt deemno net nëmme virum Hannergrond vum Denkmalschutz, mee och am Kontext vun der nohalteger Entwécklung eng zentral Roll.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung op Basis vun enger Biergerfro, déi eis per Mail gescheckt gouf, dës Froe gestallt:
(Falls och Dir eng Fro un d’Regierung hudd, besicht: www.fro.lu)

  1. Wéi vill Gebaier goufe pro Joer iwwert déi lescht 10 Joer zu Lëtzebuerg ofgerappt?
    Wéi villen ofgerappte Wunnunitéiten entspriechen dës Zuele pro Joer?

  2. Wéi vill Gebaier goufen an de leschten 10 Joer ob Terraine gebaut, ob deene virdru schonns e Gebai stoung, wat am viraus huet missten ofgerappt ginn?
    Wéi villen nei geschaafte Wunnunitéiten entspriechen dës Zuele pro Joer?

  3. Wéi vill Gebaier goufen an de leschten 10 Joer zu Lëtzebuerg ofgerappt, déi no, bzw. am Joer 1985 gebaut goufen?
    Wéi vill Gebaier goufen an de leschten 10 Joer zu Lëtzebuerg ofgerappt, déi virun 1985 gebaut goufen?
    Wéi vill Gebaier goufen an de leschten 10 Joer zu Lëtzebuerg ofgerappt, déi virun 1950 gebaut goufen?
    Wéi vill Gebaier goufen an de leschten 10 Joer zu Lëtzebuerg ofgerappt, déi virun 1930 gebaut goufen?
    Wéi vill Gebaier goufen an de leschten 10 Joer zu Lëtzebuerg ofgerappt, déi virun 1900 gebaut goufen?

  4. Falls dem Ministère déi gefroten Zuelen net virleien: Op wéi eng Zuele stëtzt de Ministère seng Nohaltegkeetspolitik am Beräich vum Logement a wéi suivéiert de Ministère de potentielle Verloscht u Patrimoine immobilier?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2977

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll