FRO.LU: E-santé DSP Dossier

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

2015 hat den deemolege Gesondheetsminister Etienne Schneider de Projet fir ee Carnet radiologique (CARA) virgestallt. Dësen Dossier sollt et den Dokteren erméiglechen, sech iwwert scho gemaache radiologesch Behandlungen ze informéieren, an esou evitéieren, dass e Patient onnéideger zousätzlecher Bestralung ausgesat gëtt.  2019 gouf mir op meng Question parlementaire (n°1104) geäntwert, dass de Projet vun engem Carnet Radiologoique étlectronique net méi an dëser Form verfollegt géif ginn, an elo de Projet vum Dossiers de Soins partagé (DSP) Virrang hät. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. An der Äntwert vum deemolege Minister huet et geheescht, dass bei Inspektioune vun de Klinicken am Joer 2017 erauskoum, dass Prescriptioune vu radiologeschen Analyse vereenzelt, awer net systematesch iwwerpréift géife ginn. Et géif also oft net gekuckt ginn, op de richtegen Exame verschriwwe gouf, ier de Patient exposéiert gëtt, oder nach besser ier de Rendezvous fixéiert gëtt. Wat fir Schrëtt huet de Ministère säit dësen Inspektioune geholl, fir ze verhënneren, dass weiderhi Léit radiologesch Analyse verschriwwe kréien, déi se net brauchen? Ween ass zoustänneg fir dëst ze kontrolléieren, den Dokter, d’Infirmière oder een Auditeur?

  2. Bis August dëses Joers huet d’Santé d’Erstellung vun iwwert 480’000 DSP-Dossieren op der E-Santé’s Plattform duerchgefouert. Wéi vill vun dësen Dossiere si scho vu Gesondheetspersonal an Doktere consultéiert ginn?  Wéi vill vun dësen Dossiere si bis elo nach inaktiv a säit hirer Erstellung net méi consultéiert ginn?

  3. Wat fir een Zäitraum gesäit de Ministère fir, bis all DSP-Dossieren erstallt an aktivéiert sinn?  Wéi laang denkt de Ministère wäert et daueren, bis dës Dossieren reegelméisseg vun de Patienten an dem Gesondheetspersonal benotzt ginn?

Fro n°2945

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz leit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2945

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene