Schoultransport wärend der Quarantän

An der Kommissiounssëtzung zur Santé vum 21.09.2020, wou et ëm d’Konditioune fir eng mise en quarantaine gaangen ass, huet den Direkter vun der Santé erkläert, dass Schüler, déi ënnert Quarantän stinn an awer nach an den Unterrecht dierfen, net sollen den ëffentlechen Transport benotzen.
Vill Elteren hunn awer net d’Méiglechkeet, fir hiert d’Kand op anerem Wee an d’Schoul ze bréngen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wat recommandéiert de Ministère den Eltere vun engem Kand, dat a Quarantän ass an awer nach an d’Schoul muss goen, a punkto Schoultransport? Wéi sollen d’Léit d’Kand an d’Schoul bréngen, wann net iwwert den ëffentlechen Transport? 

  2. Proposéiert de Ministère, am Fall wou d’Elteren net iwwert een eegenen Auto verfügen oder aus beruffleche Grënn hier Kanner net féiere kënnen, eng speziell Transport-Méiglechkeet fir dës Kanner? 

  3. Falls de Ministère keng Alternativ proposéiert: Dierfe Kanner, déi net ouni den ëffentlechen Transport an d’Schoul kommen, an esou engem Fall doheem bleiwen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2870

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen