Käschte vum Wäschservice an de Fleegeheemer

Wärend a normalen Zäite verschidden Awunner an de Fleegeheemer hier Wäsch duerch ee Familljemember oder Frënn wäsche loossen, hu wärend dem Confinement all d’Awunner Gebrauch misste maache vum zoustännege Service, fir Kleeder a Léngent wäschen ze loossen. Elo ass et esou, datt all Fleegeheem ee Wäschservice zu sengem Präis als Extra ubidde kann.
De Code de la Sécurité Sociale, deen d’Assurance Dépendance reegelt, leet am Artikel 350 fest, datt d’Hëllefen “en aides et soins” vun der Assurance Dépendance iwwerholl ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Opgelëscht pro Joer, wéi vill Euro sinn tëscht 2016 an 2020 fir Wäscheservicer vun der Assurance Dépendance iwwerholl ginn?

  2. Rembourséiert d’Assurance Dépendance automatesch d’Fleegeheemer oder kënnen d’Awunner op Noweis vun enger bezueltener Rechnung de Remboursement vun der Assurance Dépendance selwer froen? Falls Éischteres de Fall ass, wéi kënnen d’Awunner vun engem Fleegeheem wëssen, wéi eng Servicer vun der Assurance Dépendance iwwerholl goufen?

  3. Ginn d’Käschte fir d’Wäscherei integral an ouni Plaffong vun der Assurance Dépendance iwwerholl oder mussen d’Awunner d’Differenz tëschent dem Plaffong an dem Präis vum Service bezuelen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2620

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene