8044 – Projet de loi portant approbation du Protocole au Traité de l’Atlantique Nord sur l’accession de la République de Finlande, fait à Bruxelles, le 5 juillet 2022

M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President. Léif
Kolleeginnen a Kolleegen, 73 Joer nodeems d’NATO gegrënnt gouf, trieden elo dann zwee weider Länner dem Bündnis bäi. Schweden a Finnland, do ass keen Zweifel drun, si staark Demokratien, déi ugesiichts dem Krich duerch Russland hir eege Sécherheet a Gefor gesinn. Zanter 1814 schonn huet Schwede kee Krich méi
kannt. Dat ass iwwer 200 Joer Fridden! An ech
mengen, d’Hoffnung ass, datt dee Fridden de Schweden nach laang erhale bleift an domadder eis alleguerten. An awer si se bereet, der NATO bäizetrieden an am Fall vum Declenchement vum Artikel 5 fir
d’Partnerlänner mat anzestoen.
Mir Piraten begréissen, datt Finnland a Schwede sech
dem Bündnis uschléissen. De Putin wollt mat senger
weiderer Attack – an dat muss een ëmmer erëm betounen, et ass eng weider Attack, well et ass net déi
éischt Attack op d’Ukrain – d’Limitte vun Europa an
indirekt och vun der NATO testen a méi generell déi
vum Westen testen.
Mee, anescht wéi nach 2014, war d’Reaktioun vum
Westen dës Kéier schnell, staark a konsequent. Et
si Sanktiounen an d’Weeër geleet ginn, déi Russland staark ageschränkt hunn. D’EU huet zesummegehalen. Dem Putin säin Zil, eis auserneenzedreiwen, gouf net erreecht. Mir si méi no zesummegeréckelt a wäerte mat Schweden a Finnland zwee verlässlech Partner derbäigewannen.
D’Zuele goufe scho genannt. Schweden huet eng
ronn 50.000 aktiv Zaldoten. A Finnland kéint am
Eeschtfall iwwer eng hallef Millioun Leit mobiliséieren. Dat sinn natierlech an deem Sënn erfreelech,
wann een dat esou soe kann, Nouvellen, fir ze soen,
d’Allianz gëtt gestäerkt. Mee u sech hoffe mer jo ëmmer, datt mer se net brauchen.
Et huet een awer nach eppes anescht an deene
leschte Woche gesinn an dat weist, firwat d’NATO
reforméiert muss ginn. D’Tierkei huet nämlech vun
der Situatioun profitéiert a sougenannten Hostage
Diplomacy gespillt, also Geiseldiplomatie, an an eisen
Ae Fuerderunge gestallt, déi näischt méi mat der
NATO ze dinn hunn.
Den tierkesche President Erdoğan huet de Bäitrëtt
vun deenen zwee Länner esou laang blockéiert,
well Schwede mat der PYD a PKK a Syrien zesummegeschafft huet. D’Tierkei huet dunn d’Ausliwwerung vun 33 – an hiren Aen – „Terrorverdächtegten“ gefuerdert. Schweden a Finnland wäerten elo d’Ausliwwerung vun dëse Persounen ënnersichen.
Wéi awer och déi schweedesch Oppositioun, sti mir
Piraten deem Accord net nëmme liicht, mee ganz
staark skeptesch géintiwwer, well datt dës Persoune
kéinten an d’Tierkei ausgewise ginn opgrond vun
engem Accord, dee quasi als Konditioun geholl gouf,
fir datt déi Länner kéinten der NATO bäitrieden, dat
weist dach, datt d’NATO hei als Spillball genotzt gouf!
En NATO-Land dierft an eisen Aen de Bäitrëtt vun
anere Länner net wéinst innepoliteschen Interessie
blockéieren. D’Vetorecht vun all Member sollt hei
just benotzt ginn, wann et sech wierklech ëm seriö
Sécherheetsbedenken handelt. An do, mengen ech,
ginn d’Siichtweisen dach ganz staark auserneen.
Dëst ass ee vun de Punkten, dee laut eis Piraten dréngend misst reforméiert ginn. Grad ewéi awer d’Zwee Prozent-Reegelung, wou een nach eng Kéier misst nei
negociéieren a wou een op den Accord vu Wales zréck
misst kommen. Well e Land wéi Lëtzebuerg kann dat
net erfëllen, zumindest net ouni Pro-Kapp-Depensen
auszeginn, déi vill méi héich géife leie wéi bei all
anere Partner.
Fir eis Piraten muss awer och den Ausbau vun
erneierbaren Energien, an domat d’Ofsécherung par
rapport zu Länner wéi Russland, an eis Kontributioun
agerechent ginn. Well e Land brauch hautdesdaags
méi wéi eng Arméi, fir seng Onofhängegkeet ze
schützen. Eis national Sécherheet hänkt net nëmmen
un Attacke mat Panzeren, mee gëtt och definéiert vun
de Konsequenze vum Klimawandel an deene Länner,
aus deene mir eis fossill Energië bezéien.
Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, mir Piraten ënnerstëtzen de Bäitrëtt vu Schweden a Finnland,
net ouni awer drop hinzeweisen, datt et déifgräifend
Reforme brauch, fir d’NATO op d’21. Joerhonnert ze
preparéiere respektiv derfir ze suergen, datt d’NATO
am 21. Joerhonnert kann ukommen. Keng Elenggäng
méi, mee e Verdeedegungsbündnis, wat am Kampf
och géint de Klimawandel matmécht an de Partnerlänner erméiglecht, fräi vu fossillen Energien an Ofhängegkeeten ze sinn.
Ech soen Iech Merci.

Zesummenhang posts

Deutsche Versioun weiter unten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit mat Iddie fir nei Gesetzer.
Deutsche Version weiter unten. De Walprogramm vun de Piraten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit
De Piratendeputéierten Marc Goergen an de Südkandidat Yann Retter hunn haut d’Vertrieder vun der FGFC (Fédération Générale de la Fonction Communale) gesi fir mat