M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President.
Merci och dem Rapporter. U sech hätte mer dat Gesetz hei wuertwiertlech kënne virliesen, esou kuerz
ass et. Dat wär vläicht nach e bësse méi kuerz gewiescht wéi de Rapport, dee mer an der Kommissioun geschriwwen hunn.
Mee wichteg, mengen ech, an dat steet och am Rapport, ass, datt mer Leit, déi op Lëtzebuerg musse komme wéinst enger Obligation légale, och weiderhin am Règlement grand-ducal déi Méiglechkeet ginn, onofhängeg dovun, wat hei am Gesetz steet. Ech mengen, dat ass ganz wichteg, datt Leit, déi eng Obligation légale hunn, zum Beispill fir de Recouvrement ze ënnerschreiwen, dat kënne maachen.
An ech hu mer och nach eng Kéier confirméiere gelooss, datt och den Delai, fir de Recouvrement ze ënnerschreiwen, nach eng Kéier soll adaptéiert ginn an no hanne verlängert ginn. Och dat, mengen ech, ass ganz wichteg, well wien Zeitunge liest, dee weess,
datt d’Reesen och haut nach ëmmer net zur Normalitéit gehéiert, mee datt et éischter nach relativ komplizéiert ass, deelweis vu wäit hier op Lëtzebuerg ze kommen. An dofir ënnerstëtze mir och dëse Projet.
Merci.
M. Sven Clement (Piraten) | Här President, solle mer
net d’Resolutioun virhuelen?