7967–Projet de loi portant création d’un comité de suivi de mesures restric- tives en matière financière et portant modification de :

M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President. Ech kann dem André Bauler just zu deem Rapport feli- citéieren. An alles, wat e gezielt huet, entsprécht och menger Meenung. An de Rapport ass villfälteg. Jo, et huet sech geännert. Vum Depot bis haut huet sech d’Situatioun geännert. A mir si sécherlech frou, dass mer dat Instrument elo hunn. Wéi oft hunn ech hei nogefrot fir déi ominéis Fligeren? Ech weess, dat sinn elo net d’Finanzen, mee d’Fligeren … Bon, do ware se zu Istanbul, dunn zu Moskau, du ware se fort.

Dat heescht, mir brauchen esou e Kommitee fir déi Sanktiounen, déi an eisen Ae ganz richteg sinn. Well mir mussen de russesche Regimm treffen. Mir mussen déi russesch Leit un der Spëtzt treffen. Mir mussen net déi kleng Leit a Russland treffen, nee, well déi sinn net schold un deem, wat geschitt ass. Déi sinn net schold un der Invasioun an der Ukrain. Nee, et sinn déi grouss Leit uewen, déi alleguerten – an dat ass de Phenomeen – vun engem Putin profi- téiert hunn, deenen hir Milliounen entstane sinn op dem Réck vun deene klenge Leit. An dofir sinn déi Sanktioune richteg an dofir ass dat Gesetz haut och richteg.

A wa Lëtzebuerg virbildlech ass an der Europä- escher Unioun, ma da soll dat gutt sinn, da solle mer dodrobber houfreg sinn, da kënne mer dat och dobausse soen. Wann déi aner Länner eeben nach weiderhi Russland verschidden Diere wëllen oploos- sen, dann ass dat fir mech eigentlech degueulasse. An dofir sinn ech frou, dass Lëtzebuerg seng Aufga- ben erfëllt an och haut e Gesetz stëmmt, wat deem- entspriechend ka géint esou Sanktiounen, awer och géint all déi aner Sanktioune vum Terrorismus … Mee nun emol ass d’Aktualitéit am Moment d’Ukrain. An dofir fannen ech et och passend, dass mer dann haut genau an deem Kontext iwwert d’Ukrain a Russland geschwat hunn.

Merci.

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene