7906 – Projet de loi portant dissolution et liquidation de l’hospice civil de la Ville de Remich, dénommé « Jousefshaus »

M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President. Merci dem Gilles Baum. Och wa mäin Urgroussbop vu Réimech war, hunn ech awer am Rapport villes bäige- léiert.

De Projet a sech ass gutt. Ech hat och an der Kom- missioun jo dofir e puer Froen dozou gestallt. Et ass natierlech schwiereg fir eis als Chamber erausze- fannen, firwat déi finanziell Problemer wierklech opgetruede sinn, mee dofir hat ech jo d’Fro gestallt, ob déi Scholden da mat eriwwerginn. An do hat d’Ma- damm Ministesch mir jo ganz kloer Nee geäntwert, soudass dat fir eis awer do emol zefriddestellend ass. Well et wär net gutt gewiescht an eisen Aen, wann een déi Scholde mat iwwerholl hätt.

Op där anerer Säit gëtt awer d’Personal mat iwwer- holl. Dat ass ganz positiv, soudass och d’Personal eng gewësse Sécherheet huet. Ech weess: Et weess een net, wat a fënnef, zéng Joer ass, mee op d’mannst hu se awer elo emol eng Sécherheet, soudass mir dee Projet haut wäerte matstëmmen.

Merci.

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen