7841 – Projet de loi concernant la gestion de la sécurité des infrastructures routières

M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President.
Ech ginn dem Minister Bausch net ëmmer Recht, mee
an deem heite Fall huet en awer eppes ganz Richteges gesot. Wa mer wëllen 30er-Zonen an de Stied hunn, da musse mer och an de Stied – an do sinn all d’Gemengepappen a -mamme gefuerdert – d’Stroossen esou amenagéieren, datt d’Leit 30 fueren, …
Une voix | Ganz gutt!
M. Sven Clement (Piraten) | … well d’Strooss sech
esou ufillt. Wa mir an den Uertschaften Autobunnen
hunn, véiersproocheg Stroossen, déi poulriicht sinn,
da musse mer eis net wonneren, wann d’Leit, egal
wat mer fir Schëlder opriichten, egal, wéi vill Vitesskontrolle mer do maachen, ze séier wäerte fueren. Da musse mer eis net wonneren, wann do Leit leie bleiwwen. Wa mer also eppes wëlle maachen, fir d’Vitess an den Dierfer ze reduzéieren, da musse mer déi baulech
Moossnamen huelen, déi sech imposéieren. Dat ass
dat eent. An ech mengen, dat war d’Ausso, déi de Minister gemaach huet, net méi, net manner.
Zu der Vitess 80 versus 90, 110 versus 130, muss ech
ganz éierlech soen: Jo, sécher manner CO2, sécherlech
méi e kuerze Bremswee, dat ass Physik. Ech mengen,
datt déi meescht Leit, déi hei zu Lëtzebuerg Auto fueren – an déi meescht vun eis gehéieren dach ab und
zu och dozou –, seelen iwwerhaapt déi Maximalvitessen op de Stroossen, grad zur Rushhour, kënne
fueren, well mer am Stau stinn. A wa mer wëllen eppes géint den CO2 maachen, da misste mer als Éischt
emol domadder ufänken, d’Stauen ze reduzéieren,
well ech mengen, datt dat e vill méi groussen Impakt
huet wéi d’Vitess.
Dat gesot, mengen ech, muss hei déi lénk Partei net
probéieren, déi gréng bei de Vitesslimitatioune riets
ze iwwerhuelen. Dat wäert hinne warscheinlech ni
geléngen. A mir wäerten déi Motioun och net matstëmmen.

Zesummenhang posts

Deutsche Versioun weiter unten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit mat Iddie fir nei Gesetzer.
Deutsche Version weiter unten. De Walprogramm vun de Piraten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit
De Piratendeputéierten Marc Goergen an de Südkandidat Yann Retter hunn haut d’Vertrieder vun der FGFC (Fédération Générale de la Fonction Communale) gesi fir mat