Garantie bancaire

Wien ee Bankkonto huet, dee profitéiert hei zu Lëtzebuerg vun engem Schutz fir déi Suen, déi um Konto drop sinn. 

D’CSSF erkläert dozou op hirer Websäit:

Lorsqu’une banque n’est plus capable de rembourser les dépôts des clients, par exemple lors d’une faillite, le client est, hormis un nombre limité d’exceptions définies par la loi, couvert par une garantie des dépôts. Au Luxembourg, le Fonds de garantie des dépôts Luxembourg (FGDL) prendra en charge le remboursement des déposants. Le montant maximum couvert par la garantie est de 100.000 euros par personne et par banque, bien qu’il existe des exceptions qui permettent un remboursement plus élevé.

De Montant ass zënter 2015 net méi ugepasst ginn. An deene leschten 10 Joren ass d’Inflatioun hei am Land awer ëm iwwer 20% geklommen an 100.000 Euro am Dezember 2015 entspriechen ronn 122.000€ am September 2024 (Rechnung: https://statistiques.public.lu/fr/services-public/simulateurs/inflation.html)

  1. Ass d’Regierung der Meenung, dass de Montant vun der Garantie de dépôt, wéi en am Artikel 171 vum Gesetz vum 18ten Dezember 2015 relative à la défaillance des établissements de crédit et de certaines entreprises d’investissement festgehalen ass, misst un d’Entwécklung vun der Inflatioun ugepasst ginn? 
    Wäert dës gemaach ginn?

Fro n°1500

CHD

Op Basis vun der Äntwert gouf eng Nofro gestallt:

Wäert d’Regierung, bei der Reform vum Krisemanagement vun de Banken, fir eng Erhéijung vum Basismontant vun der Garantie de dépôt antrieden?

Fro n°1549

CHD

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene