BIO méi ënnerstëtzen

Den Ausbau vun der Biolandwirtschaft ass wichteg, fir eise Planéit laangfristëg méi nohaltëg ze gestalten. Déi virëg Regieurng hat sech virgeholl, fir d’Biolandwirtschaft massiv auszebauen, wat allerdings an 10 Joren net wierklech gelongen ass. Dat erkläertent Zil am nationalen Plang (PAN Bio 2025), fir 20% vun de lëtzbuergesche Flächen fir d’Biolandwirtschaft ze notzen, wäert net realiséiert ginn. 

Et geet net ouni de Staat: eng Kritik, déi all Joer erëm opkënnt, ass dass de Staat selwer net genuch mam gudde Beispill virgeet. Esou zum Beispill an de Schoulkantinnen, wou d’Ausschreiwungen net genuch op BIO cibléiert ginn.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. Wéi vill Fläche ginn aktuell fir d’Biolandwirtschaft reservéiert?
  2. Wéi vill Fläche rechent d’Regierung, dass bis Enn 2025 wäerte genotzt ginn?
  3. Wäert d’Regierung der Kritik an de Schoulkantinne Rechnung droen a méi Bioliewensmëttel hei ënnerstëtzen? Falls jo,
    • wéi vill Geld gëtt heifir méi investéiert an deenen nächste Joren?
    • wéi soll sech de Prozentsaz u Bio-Liewensmëttel an de Schoulen entwéckelen?

Fro n°1244

CHD

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen