55’000 Dosen AstraZeneca vun Dännemark u Schleswig-Holstein

Wéi d’Agence France-Presse matdeelt, huet Dänemark beschloss, dem däitsche Bundesland Schleswig-Holstein 55’000 Dosen AstraZeneca Vaccin zur Verfügung ze stellen. An Dänemark gëtt dëse Vaccin net méi agesat, an dofir huet sech déi Dänesch Regierung bereet erkläert, hiren Noperen ze hëllefen, nodeems de Ministerpresident vum Bundesland dëst gefrot hat.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Steet d’Regierung a Kontakt mat Dänemark an anere Länner, déi am Besëtz vu Vaccine sinn, déi si an hirem Land net méi verimpfe wëllen?

  2. Huet d’Regierung schonns bei der Dänescher Regierung ugefrot, op nach weider Dosen AstraZeneca disponibel sinn? 

• Falls jo, wat war d’Reaktioun vun der Dänescher Regierung?

• Fall nee, firwat net?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4138

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt