Deprecated: ElementorPro\Modules\Posts\Traits\Button_Widget_Trait::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/posts/traits/button-widget-trait.php on line 413

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Media_Carousel::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/media-carousel.php on line 268

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Base::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/base.php on line 520

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Paypal_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/paypal-button.php on line 220

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Classes\Payment_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/classes/payment-button.php on line 501

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Stripe_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/stripe-button.php on line 243

Warning: Undefined array key "options" in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/theme-builder/widgets/site-logo.php on line 124

50€ fir jiddereen – Mee däerf den Tourismusministère d’Donnéeë vun 730.000 Persoune benotzen, fir Werbung ze maachen?

Den Tourismusminister huet nom Covid-19-Lockdown decidéiert de lokalen Tourismus mat Hëllef vu Bongen am Wäert vu 50€ z’ënnerstëtzen. Ab dem 15te Juli bis den 31ten Dezember 2020 kënnen d’Mënschen zu Lëtzebuerg an d’Frontalieren aus der Groussregioun hir Iwwernuechtungen an engem Hotel, Bed&Breakfast, Auberge oder Camping zu Lëtzebuerg mat esou engem Bong bezuelen. Insgesamt sollen 730.000 där Bonge verdeelt ginn, wat de Staat ronn 36,5 Milliounen Euro kascht. 

All Bong enthält perséinlech Donnéeën, dorënner den Numm, d’Adress an de Gebuertsdatum, déi noutwennegerweis aus enger Datebank geholl goufen. Wärend aner Entreprisen normalerweis een explizitt Averständnis vun hire Clientë musse froen, fir mat dësen Donnéeë kënne fir Promotiounen ze benotzen (GDPR-Averständnis) schéngt bei dësem Bong op d’Donnéeë vu ronn 730.000 Persounen– dorënner och Mannerjäreger – zougegraff ginn ze sinn ouni allerdéngs am Virfeld den explizitten Accord vun de Leit gefrot ze hunn. D’Donnéeë goufen traitéiert an d’Leit net eenzelen doriwwer informéiert, wat also an totalem Kontrast zum Dateschutz steet.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. No der Schätzung vum Minister, wéi vill Bonge wäerte bis Enn dëst Joer ageléist ginn?

  2. Wat ënnerscheet dëse Bong vun der Regierung vun anere Bongen, déi Entreprisen normalerweis u Clientë verschécken?

  3. Aus wéi enger Datebank entstaammen d’Daten, déi fir d’Erstellung vun dëse Bonge genotzt goufen?

  4. Ass et fir de Minister gerechtfäerdegt aus Promotiounszwecker massiv op d’Donnéeë vun 730.000 Persounen – dorënner Mannerjäreger – zouzegräifen an dëst ouni explizitten Accord vun de Läit?

  5. Firwat gouf net op eng Opt-In-Prozedur zeréckgegraff, wou d’Läit, déi interesséiert un der Promotioun sinn, hätte kéinten de Bong iwwert eng zentraliséiert Plattform ufroen?

  6. Wéi geseit d’Prozedur aus, wann de Bong vun enger Persoun bei engem Hotellier ageléist gëtt? 

  7. Ugesiichts, datt de Bong voll mat perséinlechen Donnéeë gespéckt ass, ka verfollegt ginn, wéi eng Persoun dëse Bong wéini a wou ageléist huet? 

  8. Analyséiert de Ministère wéi eng Bongen ageléist goufen? Falls jo, mat wéi enger legaler Basis ginn dës Donnéeën analyséiert? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2469

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll