3G-Lëschten an der Schoul

De 15ten Januar ass den 3G landeswäit op der Aarbechtsplaz agefouert ginn. Domat muss elo och d’Schoulpersonal, dat säin Impf- respektiv Genesenenzertifiakt net fräiwëlleg virgeluecht huet, all Dag säin Zertifikat oder een Zertifikat vun engem negativen Test virweisen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ginn an de Schoule Lëschte gefouert, op deenen och déi Leit stinn, déi keen Zertifikat virweise wollten oder konnten, respektiv wou dës Leit speziell markéiert sinn?

  2. Ob wéi enger legaler Basis géingen dës Date weiderginn an traitéiert ginn?

  3. Gëtt d’Kontroll vum 3G an de Schoule ausschliesslech vum Personal aus der jeeweileger Schoul duerchgefouert?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5511

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt