Problem mat der 2G+ Reegel fir Jonker

Mat der Aféierung vum 2G+ duerch dat aktuellt Covidgesetz muss jiddereen, ob geimpft oder geheelt, ee Schnelltest maachen, fir u verschiddenen Aktivitéite kënnen deelzehuelen, zum Beispill fir an de Restaurant oder an de Kino kënnen eranzekommen. Persounen, déi hiert Opfrëschungsimpfung (Booster) kruten, sinn dovunner ausgeholl.

Bei Jonken ënner 18 Joer ass awer elo de Problem, dass si nach kee Booster kënne maachen, well am Moment zu Lëtzebuerg keng medezinesch Indikatioun besteet, fir Mannerjäregen eng drëtt Dosis ze ginn. Dat bedeit, dass déi Jonk an och vill aner Persounen déi „gelackmeiert“ bei der Saach sinn, well souguer, wann si zënter Méint komplett geimpft sinn, kënnen si nach net geboostert ginn.

Dës Situatioun féiert a verschiddene Liewenssituatiounen zu enger Diskriminéierunge vu ville Jonk, well si verschidde Plaze guer net méi dierfe besichen. Wéi een op verschiddene Posts op de soziale Medie liest, géingen zum Beispill verschidde Kinoe keng Schnelltester op der Plaz ubidden an och keen Test vu baussen akzeptéieren an dowéinst Jugendlecher, trotz dass si geimpft sinn, guer net méi era loossen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Wäert d’Regierung der aktueller Situatioun entgéintwierken, fir dass déi Jonk, déi komplett geimpft sinn an nach kee Booster an Usproch kënnen huelen, net weider duerch den 2G+ um Deelhuelen u verschiddenen Aktivitéiten ausgeschloss ginn? Falls jo, wéi gedenkt d’Regierung hei z’agéieren a wéi schnell wäert dës passéieren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5440

Zesummenhang posts

Deutsche Versioun weiter unten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit mat Iddie fir nei Gesetzer.
Deutsche Version weiter unten. De Walprogramm vun de Piraten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit
De Piratendeputéierten Marc Goergen an de Südkandidat Yann Retter hunn haut d’Vertrieder vun der FGFC (Fédération Générale de la Fonction Communale) gesi fir mat