D’Piraten fuerderen eng steierlech Entlaaschtung géint héich Zënsen

Duerch déi héich Inflatioun huet d’europäesch Zentralbank de Leetzëns an d’Luucht gesat an domat och Zënsen op de variabelen Haus- an Appartementsprêten. D’Leit kréien honnerten Euro méi all Mount ze bezuelen a vill Stéit kënnen dës Laascht net droen.

Wann eng Koppel haut 1.000.000 € léine geet, bezilt se ronn 38.500 € Zënsen am éischte Joer. Et dierf een als Koppel awer nëmmen 2.000 € pro Persoun vun de Steieren ofsetzen. Op 30 Joer bezilt een op de ganze Prêt 718.500 € Zënsen bei engem Zënssaz vun 3,85%. Den Ënnerscheed tëscht dem Undeel, deen een haut kann ofsetzen an deen ee virun 2 Joer bei 1,8% Zënse konnt ofsetzen, huet sech méi wéi hallwéiert. Aaneschters gesot: et muss een haut vill méi Zënsen bezuelen wéi virun zwee Joer, mee et kann een awer net méi Zënsen vun de Steieren ofsetzen.

Dofir hate d’Piraten-Deputéiert Marc Goergen a Sven Clement schonn am Oktober eng Motioun an der Chamber deposéiert, fir den Undeel un Zënsen ze verduebelen, déi ee fir säin Immobilieprêt op sengem Éischtwunnsëtz dierf ofsetzen. Dës Propose gouf vun de Majoritéitsparteien DP, LSAP an déi Gréng ofgeleent. 

Eis Propos géif iwwert déi nächst 30 Joer zu enger zousätzlecher Entlaaschtung vun 49.000 € pro Persoun an engem Haushalt bäidroen.

Date d’occupation de l’habitationavant 1/01/2012entre le 31/12/2011 et le 1/1/2017après le 31/12/2016
Plafond déductible par personne1.000 €1.500 €2.000 €
Propose Piraten2.000 €3.000 €4.000 €

Mir Piraten sti weider zu dëser Fuerderung, déi an der aktueller Wunnengskris dréngend ass. Doriwwer eraus muss d’Politik elo schnell weider Mossnahmen ëmsetzen, fir d’Leit am Land net an d’Situatioun kommen ze loossen, dass si hiert Doheem musse verkafen, well si sech de Prêt net méi leeschte kënnen.

Zesummenhang posts

Bierger:innen a Betriber sinn oft op de Service vu staatleche Verwaltungen ugewisen. Verschidde Froen loossen sech effikass an effizient iwwert den direkte Kontakt mat
Déi zoustänneg Ministeren hu gëschter der Ëffentlechkeet de Bilan zur Asyl- an Immigratiounspolitik zu Lëtzebuerg virgestallt. An der zoustänneger Chamberskommissioun sinn awer verschidde Froen
 Ee WORT-Artikel vum 23ten Dezember 2024 hat informéiert, dass op der Schnellstreck vum Tram tëschent der Stad an dem Belval elo dach ee weideren