Gesetzesprojet 7964 iwwert d’Aféierung vun enger Rei Mesuren am Kader vun der Covid-19 Pandemie

Merci Här President.

Kuerz éier eng nei Gesetzespropose zum Covid soll deposéiert ginn, fänke Frënn a Bekannten ëmmer rëm un ze froen, ob ech da schonns eppes wéisst, ob da schonn een eppes gesot hätt, wat an den neien Text géif dra stoe kommen. Dir kennt dat sécher alleguerten, den Telefon leeft waarm, Facebook Messenger, Instagram a sou weider.
Iwwerall froen d’Leit iech wat kënnt dann elo, wat geschitt?

A well mäin Zougang zu vertraulechem Regierungswëssen wéi dir dann jo awer wësst, méi limitéiert ass, wéi meng Kolleegen dat vläicht mengen, muss ech dann an der Reegel awer zouginn, dass ech och net weess. Ech weess et net, wat am neien Text wäert stoen, bis d’Chamber e presentéiert kritt.

Mee fir awer net komplett anungslos ze wierken a guer näischt op d’Froe vu menge Frënn ze äntweren, soen ech da meeschtens awer mol wat ech denken, wat ech mir erwaarde kéint, wat ech héieren hunn, dass gemaach wäert ginn.

Ma ech kann iech soen, ech louch nach ni esou falsch wéi dës Kéier!

Dëst Covidgesetz huet mech kal erwëscht.

No all deenen Diskussiounen iwwert eng Impfflicht, iwwert déi Onsécherheeten,
déi mat der Omicron-Variant verbonne sinn, an d’Wichtegkeet vun deem nei agefouerten 3G op der Aarbechtsplaz, hat ech mir alles erwaart,
mee dach net, dass mir no knapp engem Mount den 3G-System op der Aarbecht nees iwwer Bord werfen, d’Quarantän komplett ofschafen an och am Fräizäitberäich nach Lockerunge maachen. An dat och nach just virun enger Vakanz, wou de Kontakt dann och nach emol an d’Luucht geet.

Hätt ech op déi nei Mesure misste wetten, hätt ech vill Geld verluer.

Ech wäert dem obligatoreschen 3G op der Schaff sécher net nokräischen. Mir Piraten hunn dëse sozial ongerechte Pay-to-work-System schliisslech vun Ufank un net ënnerstëtzt, a fuerderen och weiderhin, dass och de fakultativen 3G op der Aarbechtsplaz muss esou ugepasst ginn, dass e Leit mat klengem Portmonnie net iwwerproportional belaascht.

Mee dass ech de System net gutt fonnt hunn, dat war bekannt. Mee dass och d’Regierung an d’Majoritéitsparteie selwer esou séier de Glawen un hire super Outil verluer hunn, dat huet mech dach awer iwwerrascht. Op där enger Säit gëtt nach vu sektoriellen Impfflichte geschwat an op där anerer Säit ass alles gutt genuch,
fir an alle Beruffssecteuren ëmfaassend Lockerungen ze maachen?

Do stëmmt dach eppes net.

Ech traue mech et bal net ze soen, well de Begrëff an der Tëschenzäit esou oft gefall ass, dass een en net méi héiere kann, an e Potenzial, bal wéi superfétatoire zum „Unwort“ huet, mee: do ass dach eppes komplett inkoherent léif Kolleeginnen a Kolleegen.

Wéi sollen d’Leit mat esou enger Kommunikatioun d’Vertrauen an d’Regierung a virun allem an d’Mesuren behalen?

Wéi sollen se novollzéie kënnen, firwat wéi eng Mesure wichteg sinn, an sech dann och drun halen, wann do wierklech kee roudem Fuedem méi ze gesinn ass?

Ech sot et scho méi wéi eng Kéier, an dëser Kris ass et essentiell, dass gutt kommunizéiert gëtt, fir dass d’Leit versti wat ee mëscht. Wa kee versteet,
firwat dat, wat d’Politik entscheet, wichteg ass fir eist Liewen, ma da wëll sech och keen drun halen. An da riskéiere mir zousätzlech ëmmer méi Demonstranten op der Strooss ze hunn.

An dat misst dach wierklech net sinn.

Et ass jo net wéi wann d’Regierung mueres géif opstoen, an als eenzege Gedanken hätt, wat se dann haut Verrécktes maache kéint, fir d’Leit mol nees e bëssen ze verwirren.

Ech menge wierklech net, dass d’Regierung moies opsteet an dat als Ziel huet.

Ech weess, dass ganz ganz vill Leit ganz vill Energie an Aarbecht investéieren, fir ze evaluéieren, wéi eng Mesuren zu wéi engem Moment vun der Pandemie déi beschte sinn.

Mee wann um Enn awer just widderspréchlech Message kommunizéiert ginn, da muss ee sech net wonneren, wann déi ganz vill Aarbecht déi een investéiert huet, um Enn keng oder wéineg Ënnerstëtzung fënnt.

Amplaz elo hei ze maachen, wéi wann d’Situatioun gutt wär, an een dofir Lockerunge maache kéint, a gläichzäiteg ze soen, dass awer nach onbedéngt vill impfe muss, well d’Situatioun jo awer net gutt ass, sollt d’Regierung einfach éierlech sinn.

Si sollt elo einfach éierlech soen, dass hei d’Strategie gewiesselt ginn ass, an een,
nodeems een d’Kontroll iwwert d’Omikronwell komplett verluer huet, wéi de Claude Wiseler dat virdrun exposéiert huet, elo op eng Durchseuchungsstrategie setzt.

Dat ass nämlech dat wat hei an dësem Text steet.

A wann een et aus dëser Perspektiv kuckt, ass dat ganzt och schonn direkt manner inkoherent.

Well dann kann ee Lockerunge maachen, well een d’Ausbreedung vum Virus jo guer net méi komplett stoppe wëll, mee probéiert, dass méiglechst vill Leit eng natierlech Immunitéit entwéckelen, an dann kann een och weider d’Wichtegkeet vun der Impfung betounen, well déi hëlleft jo dobäi, dass nach méi Leit nach méi séier protegéiert sinn
an déi ass och wichteg, fir dass bei deenen héijen Infektiounszuelen, déi mir dann automatesch kréien, déi jo bewosst a Kaf geholl ginn, trotzdeem net ze vill Leit stierwen oder de Gesondheetssystem iwwerlaascht gëtt. D‘Durchseuchungsstrategie,
déi mir an de Schoulen jo scho méi laang gesinn hunn, kënnt mat dësem Gesetz also elo och am Rescht vun der Gesellschaft un.

Mee, ass dat de richtege Wee? Ass dat déi richteg Strategie an dëser Pandemie?

Ma, ech muss ganz éierlech soen, ech hunn do meng Zweiwel.

Jo, kee vun eis war virdrun schonn an enger Situatioun wéi dëser an d’Datelag zu Omicron ass ëmmer nach dënn.

Dofir ass et schwéier soen, wat hei eng richteg a wat eng falsch Decisioun ass.

Mee soll esou eng Situatioun, mat esou villen Onbekannten elo wierklech de richtege Moment sinn fir e Strategiewiessel? an och nach grad elo am Februar, wou mir dach erfarungsgemäss wëssen, dass am Fréijoer d’Zuelen gläich souwisou nees wäerte falen an zwar net well mir manner Tester maachen an doduerch eis Incidenten artificiell méi niddreg gi sinn.

Well wa mir eis nämlech d’Zuelen, a virun allem d’Immuntioun vun der leschter Woch ukucken, dann ass déi quasi, wann een déi nämmlecht Unzuel vun Tester wéi virun zwou Woche gemaach hätt, hätte mir quasi déi selwecht Inzidenz och lescht Woch gehat.

Also vun engem Erofkommen aus der Well ze schwätzen ass Mengen ech verfréit ze soen, mir hunn einfach manner getest an dofir manner Fäll fonnt.

Well dat ass zumindest wann een éierlech mat sech selwer ass, an déi Zuelen, ganz objektiv kuckt an eng règle de tris maache kann, déi jiddereen vun eis am Primaire, oder wéi dat dann haut heescht am Fundamental geléiert huet.

Firwat musse mir elo, esou kuerz virun deem Punkt, wou d’Situatioun sech souwisou wäert entspanen nach e riskant Experiment maachen an iwwerstierzt Lockerungen huelen?

Wisou musse mir elo mat dësen neie Mesure riskéieren, dass vill méi Leit matenee krank ginn an eist Gesondheetspersonal an Usproch huelen, wann et an e bësse méi wéi engem Mount ausgestane wär?

A wisou musse mir elo mat dësen iwwerstierzte Lockerungen all déi Leit virun de Kapp stoussen, déi am leschte Mount esou staark ënner Drock gesat gi sinn, dass se sech zum Schluss awer impfe gelooss hunn, an elo gewuer ginn, dass et guer net néideg gewiescht wier?

Wat mengt d’Regierung mat dësem Gesetz an dem domat verbonnene Strategiewiessel ze gewannen? Ech weess et net.

Ech gesinn hei just en Text, dee vill Leit, déi frësch geimpft sinn, fir kënne schaffen ze goen, frustréiere wäert, an ech fäerten, dass eng ganz Partie vun hinnen elo och keng zweet Impfung wäert kréie wëllen, wann den 3G op hirer Aarbechtsplaz ewech fält.

Esou gesäit Planungssécherheet jo mol sécher net aus.

Ech sot et schonns, ech sot et hei méi wéi eng Kéier, mir si vum Notze vun der Impfung iwwerzeegt. Ech kann nëmmen den Appell widderhuelen fir déi Leit déi nach net geimpft sinn, loosst iech impfen, et ass e neien Impfstoff do, mir wäerten dann jo elo och iergendwann héieren, wat den CSMI dann zum Novavax gesot huet, wéini et deen dann nach gëtt. Vläicht iwwerzeegt dat jo nach eng Kéier deen een oder aneren, mee ganz éierlech wann ma mat der Campagne, mat deene Millioune vun Euro, déi mir u Kommunikatioun ausginn hunn, fir d’Leit ze iwwerzeegen, ma se bis elo net iwwerzeegt kruten, se mam Drock vum 3G op der Schaff respektiv mam 2G a quasi allen anere Beräicher net iwwerzeegt kruten, wéi menge mir dann, dass mir déi Leit elo sech fille loossen, déi sech leschte Mount impfe gelooss hunn, fir elo gewuer ze ginn, dass se nëmmen hätte missen e bësse waarden, an se hätten et awer ouni gepackt.

Ja ech gleewen un d’Impfung, ja ech sinn der Meenung, dass jiddereen sech soll impfe loossen, deen et kann.

Mee mir däerfe net vergiessen, dass et nach ëmmer e fräie Choix ass, e Choix deen ech net deele géif, mee e fräie Choix. An déi Leit komme sech mat esou inkoherente Mesuren, dach liicht veraascht fir.

Ech sot et schonn, mir waren a si kee Frënd vun der Iddi vum 3G op der Aarbecht,
wann net séchergestallt gëtt, dass de Patron oder den Employé net finanziell finanziell zur Laascht kommen. Mee d’Regierung an d’Majoritéitsparteien hunn dëse Wee gewielt an ech mengen, da missten se en awer wéinstens esou laang goen, dass se dono evaluéiere kënnen, op en epidemiologesch eppes bruecht huet oder net. Mee mir brieche jo elo alles of éier et iwwerhaapt richteg ugefaangen huet an et gëtt mol net richteg erkläert firwat dat geschitt.

Et gouf ee Mount laang esou vill Drock gemaach an elo bemol ass alles ok, ouni, dass sech d’Situatioun signifikant geännert hätt.

Dësen Zickzack-Cours hale mir Piraten definitiv fir de falsche Wee.

A mir hunn dofir och manner laang mat eis selwer gehadert, a stëmmen dëse Projet net mat.

Ech soen iech Merci.

Zesummenhang posts

Präsent vum Präsidium waren : Gilles, Marc, Sven, Mandy, Camille, Starsky, Raymond.  Debut 9h00, Schluss 15h00 Walanalyse 2023 (Huis Clos)  D’Parteileedung huet aus strategesche Grënn
De Centre pénitentiaire d’Uerschterhaff ass zoustänneg fir d’Leit, déi an Untersuchungshaft sinn. Eisen Informatiounen no, si beim Bau vum Uerschterhaff och Büroe fir Untersuchungsriichter