Zanter dem Juni 2021 gëtt an der Chamber un der nationaler Ëmsetzung vun der Directive 2019/790 och als Copy Right Directive bekannt, geschafft.
D’Piraten sinn national an international géint dës Direktive op d’Strooss gaangen an hu probéiert dës Direktive ze verhënneren.
D‘Julia Reda, MEP fir déi däitsch Piraten a Member vun der Fraktioun „The Greens/EFA“ hat deemools de Vott esou kommentéiert:
„Dës Mesurë maachen den Internet futti! Mënsche wäerte Problemer kréie fir zum Beispill d‘Aktualitéit online ze kommentéieren. Eis Fräiheete ginn hei um Altor vun den Interesse vu mächtege Lobbygruppe geaffert.“
„Och wann d‘Direktiv néideg ass fir eise Copyright un d‘21. Joerhonnert unzepassen, gouf hei probéiert mam Hummer eng Schrauf anzedréien. D‘Linksteier wäert amplaz de Journalismus ze fërderen, de Journalismus behënnere virun allem méi kleng Editeure bestrofen déi vum Deele vun hire Contenue liewen.“
„D‘Pläng fir automatesch Filtere sinn immens kuerzsiichteg. Se wäerte Parodien, Satiren a Memen onméiglech maachen. Dëst schiedegt eis europäesch Internet- a Kreativ-Industrie méi, wéi et hëlleft“
Aus dësem Grond verfollegen d’Piraten dësen Dossier an der Chamber ganz genau. De Sven Clement, Member vun der zoustänneger Kommissioun, huet am Kader vun enger ëffentlecher Consultatioun virum Depôt vum Projet de loi an der Chamber een Avis zu dem Text geschriwwen an un de Wirtschaftsministère weider gereecht.
Mir Piraten hoffen an dësem Dossier vun der Regierung ee Maximum un Zougeständnesser ze kréien, fir dës Direktive zu Lëtzebuerg bescht méiglech ëmzesetzen an de Schued op engem Minimum ze begrenzen.