Komplementarwalen Weiler-la-Tour, d’Piraten sichen dech!

Zu Weiler zum Tuer (Weiler-la-Tour) muss erëm gewielt ginn nodeems zwee Conseilleren aus dem Gemengerot demissionéiert hunn.

Gemengepolitik kann eppes ganz Spannendes, Erfëllendes sinn, schliisslech ass d’Gemeng déi Plaz, wou ganz konkret Politik gemaach gëtt a wou de Kontakt mat de Bierger besonnesch enk ass.

Wann dir Loscht hutt, iech ze engagéieren an eventuell fir dës Komplementarwalen ze kandidéieren, déi wuel Ufanks Mäerz 2022 stattfanne wäerten, da schéckt eis eng E-mail op d’Adress ahoi@piraten.lu oder ruff eis un: +352 20 33 37.

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt