20250311 Parteileedung

Dënschden, 11te Mäerz 2025 um 19h00 zu Koplëscht am HQ.  

Un der Parteileedung hu follgend Memberen deelgeholl : Ben Lomel, Paula Couto, Starsky Flor (Exekutiv) Sven Clement, Marc Goergen, Chris Bernard, Teresa Monteiro, Christian Welter, Steve Fuchs, Joël Krack, Camille Liesch, Gilles Mertz, Killian Saffran

Gäscht: Tommy Klein 
Rapport : Christian 

Administratives 

Iwwerschaffen vun de Parteichats 

    Tommy seng Propose: 

    • Et ass aktuell immens chaotesch, well net agedeelt. 
    • Den Chat ass eng zentraliséiert Stell fir Presseartikelen, Smalltalk, Entscheedungsfindungen, Entscheedungen, Emfroen, Annoncen, Events, Breiwer an Dokumenter. 
    • Dat ergett dass et immens oniwwersiichtlech ass, sech Memberen vun der Parteileedung bei mir beschwéieren dass se Saachen iwwersinn, oder eben et einfach oniwwersiichtlech ass. 
    • Dofir Propose: 2-3 Wochen Chat analyseieren, d’Bäitreeg an 3-4 Kategorien andeelen, an dono eben op Channels pro Kategorie goen (zb een Chat fir Presseartikel, een Chat fir Smalltalk, een fir Polls, etc.). 
    • Soll awer um Facebook Messenger bleiwen bis eng besser Alternative fonnt gett (Teams, Whatsapp, Mattermost (zb vun de Piraten an Europa genotzt)) 

    gouf ugeholl.  

    Life Events 

      Tommy seng Propose: 

      • Propose un Events (Excel Dokument): ass dat wat esou ze fanne wor, natierlech kann dat adaptéiert ginn. 
      • Zilgrupp: Memberen vun der Parteileedung a Personal. Och dat ass eng Propose, Personal kann eraus. 
      • Propose ass pro Event, alles adaptéiertbar. Montanten sinn orientéiert u klenge Gemengen a Betriber. 
      • Beim Bong soll et Letzshop sinn, fir lokal Entreprisen ze ënnerstëtzen. 
      • Bei de Käschten soll een drun denken dass déi Events net oft virkommen, Käschten bleiwen also iwwersiichtlech. 
      • Bei der Ëmsetzung muss dann awer och direkt drun geduecht ginn, zb Gebuertsdeeg an Alter iergendwou ze zentraliséieren, fir dass d’Personal, wat jo fir d’Ëmsetzung an Akeef wäert zoustänneg sinn (also de Suivi), en Iwwerbléck huet. 

       
      gouff ugeholl mat follgende Kommentairen: 

      • PL, Personal, Aktiv Memberen (déi hier Jetons ofginn)  
      • Bongen: fir eng Hochzeit 100€, de Recht 50€ 
      • Ronne Gebuertsdag a kaf vun engem Haus/Apart geet Kaart duer. 
      • Blummen Budget 50€ 
      • Paksen op 1x Pro 3 Joer limitéiren 
      • Bei Doudesfall vun engem aktive Member: Annonce an der Zeitung + Blummen opd Graaf 

      Aktualiséierten Tableau gett an der nächster PL validéiert.  

      Zentrumskongress 

        Provisoresch 29/06 Kongress Zentrum.

        Finanzen 

        Budget 2025 

           (huis clos)

          Personal

          Politik 

          Flyer foire de la migration 

            De Flyer mat de Stechwieder gouff unanime ugeholl. Festival des Migrations Stand soll eng Mail eraus mat se kennen moie soe kommen an schaffe kommen. 

            Divers 

            Social Media (Tommy) 

               Informatioun doriwwer, wéi mer op Social Media virginn (huis clos).   

              Memberen 

                Erklärung wéi eng Memberen bäikomm sinn an ausgetruede sinn.  

                  Zesummenhang posts

                  Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
                  De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
                  An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt