20250107 Parteileedung Januar 2025

Vun der Parteileedung hu folgend Memberen deelgeholl : 

Claude Legrand 

Ben Lomel 

Starsky Flor 

Paula Couto 

Raymond Remakel 

Arendt Mandy 

Clement Sven 

Goergen Marc 

Bernard Chris 

Da Silva Bruno 

Monteiro Teresa 

Welter Christian 

Fuchs Steve 

Krack Joël 

Liesch Camille 

Mertz Gilles 

Saffran Kilian 

Et ware keng Gäscht präsent. 

Moderatioun : Starsky 
Rapport : Christian 

Rapport 

Begréissung duerch den neie Co-Koordinator Starsky. 

Uerder un d’Personal, dass déi nächst PL eng Presenzlëscht erausgedréckt gëtt, wou een drop ënnerschreiwe kann.  

Administratives 

Festleeë vun den Datumer fir d’Parteileedungssitzungen 2025  

Propose vum Claude, d’PL Sëtzungen op all éischten Dënschdes 19h00 ze leen.  

Kommentaren vum Sven a vum Marc, dass ee mam Chamberskalenner soll kucken.  

Konsens, dass de Chamberskalenner soll respektéiert ginn (falls Plénière, einfach op Dënschdes drop). 

D’Datumer fir 2025 wieren déi follgend: 

  • 11/2/2025 
  • 11/3/2025 
  • 22/4/2025 
  • 6/5/2025 
  • 3/6/2025 
  • 1/7/2025 
  • 16/9/2025 
  • 7/10/2025 
  • 11/11/2025 
  • 9/12/2025 

Personal soll de PL-Memberen d’Datumer matdeelen per Mail.  

Vote: unanime ugeholl. 

Datum fir de Landeskongress decidéieren 

Um Landeskongress 2025 muss de Bilan gestëmmt ginn.  
Propose: 17te Mee am Osten. De Joël Krack kuckt mam Daniel no enger Plaz. 

Vote: unanime ugeholl. 

Bezierkskongresser 2025  

Erënnerung, dass d’Bezierker hir Kongresser och bis Juni mussen organiséieren an hire Bilan stëmmen, am beschte virum Landeskongress.  

D’PL benoriichtegt den aktuelle Comité am Zentrum, dass et méiglech wier, fir de Bezierkskongress vun der PL organiséieren ze loossen.  

De Steve Fuchs, dee Member am Zentrum ass, këmmert sech ëm d’Organisatioun vun engem Bezierkskongress.  

Vote: unanime ugeholl.  

Nei Satzung: Parteileedungsmemberen mussen Interessekonflikter oppeleeën

Fir der neier Satzung gerecht ze ginn, kréien all d’Mandatairen en Dokument ze ënnerschreiwe wou se oppe leen a wéi enge Firmen se mat bedeelegt ginn.  

Vote unanime ugeholl.  
 
Preparatioun vun engem Formulaire. Beopdroung un den Tommy.  

Mise à jour vun der Satzung vun der Piratepartei ASBL (Paula). Beopdrohung un den Tommy. 

D’Statutte vum Exekutivkomité (Piratepartei ASBL) mussen un déi nei Satzung ugepasst ginn. Den Tommy erstellt do eng Propose.  

Finazen

Dee Punkt gouf am Huis Clos ofgehalen.

Personal 

Personalreunioun Februar 

D’Koordinatiounsteam organiséiert eng Personalreunioun am Februar. Bestandsopnam vun den Tâche fir Januar.  
 
Opstelle vun enger Prozedur fir Dépensen: Wie soll d’Personal froen an iwwert wéi ee Wee. D’Koordinatiounsteam schafft mam Personal een Organigramm aus. 

Politik 

Positioun zum Walgesetz  

D’Chamber huet all Partei gefrot, fir eng Propose eranzegi fir Ännerungsproposen zum Walgesetz ze ginn. D’Parteileedung trëfft sech de 15te Januar, fir Positiounen/Punkten aus de vergaangene Joren z’iwwerschaffen. Den Tommy organiséiert d’Reunioun a wäert se moderéieren.  

RTL Tribune libre 7te Februar  

Tribune libre am Februar. D’Parteileedung proposéiert, dass d’Paula an de Raymond hei ginn. Personal geet mat fir Fotoen. 

Pensiounsdebatt 

D’Pensiounsdebatt gëtt am Februar an der Chamber gefouert.  

Et soll en Aarbechtsgrupp an d’Liewe geruff ginn, wou mir als Piraten eis Positioun festleeën.  

D’Personal schéckt d’Invitatiounen eraus, fir den 28ten Januar zu Kopstal den Aarbechtsgrupp z’organiséieren. All Member ass invitéiert. Membere sollen hier Proposen och schrëftlech kenne raginn.  

Divers 

Laptop Trésorire  

D’Paula freet ee Computer fir déi administrativ Tâchen ze realiséieren. Accord fir de Lenovo-Laptop zur Verfügung ze stellen. 

Vote unanime ugeholl. 

Zesummenhang posts

D’Naturschutzgesetz soll d’Natur an d’Ëmwelt schützen an dozou bäidroen, fir eise Planéit an engem gesonden Zoustand ze hannerloossen, deen d’Iwwerliewe vu Mënsch an Déier
D’Situatioun an den USA weist elo schonns alarméierend Entwécklungen am Beräich vun der Wëssenschaft. Wéi aus dem Artikel “Wie Trump den Wissenschaftsstandort USA in