20240916 Parteileedung September 2024

Den 16te September 2024 zu Koplëscht am HQ
Link fir d’Visiokonferenz : klick
Vun der Parteileedung ware präsent:
Clement Sven
Flor Starsky
Frères Daniel
Goergen Marc
Liesch Camille
Mertz Gilles
BERNARD Chris
BROERS Tammy
DA SILVA OLIVEIRA Bruno
ECKER Jean-Pierre
ENGEL Morgan (online beigeschalt tëschent 19h30 an 20h00)
GODEFROID Mathis
LOMEL Ben
MONTEIRO Teresa
MULLER-Marie-Marthe
WELTER Christian
Süden(Paula Couto)
Zentrum(Jean Heuschling)
Osten (Chloe Timmermann)
WAMPACH Jo
Visiteuren ouni Stëmmrecht:
Jil Michels, Patrick Steffen, Libor Chmelikh, Boris Liedtke, Tommy Klein, Sam Wegner
Start : 19h00
Enn : 22h45
20240916 Parteileedung September 2024 2/3

Aktuelles

Moderatioun vun der Parteileedung duerch de Mathis : Vott


Wellkomm vum Koordinator Marc Goergen.
Vote, dass de Mathis d’Moderatioun vun der Parteileedung däerf iwwerhuelen.
Vote : Unanime ugeholl.
Erklärung vum Mathis vun de Spillreegele vum Owend. (Paula a Camille kommen eran)

Comité Atomkraaft


De Ben war an deem Comité als Member an d’Carole Weiler als Suppléant. Mir mussen do elo nei Membere fir designéieren, well allen zwee fort sinn. De Ben ass am Juli ausgetrueden an d’Carole huet als Employée bei der Sensibilitéit opgehalen.
Presentatioun vum Mathis vun de Leit déi sech gemellt hunn.
De Mathis Godefroid (Member) an de Christian Welter (suppléant) hu sech gemellt fir d’Posten z’iwwerhuelen.

Vott : Unanime dofir.

Nennung vun engem Member fir d’Kommissioun fir d’ALIA


Stephanie Schintgen huet als Employée bei der Sensibilitéit opgehal an hält also als Member vun de Piraten an der Kontrollkommissioun vun der ALIA op. Designatioun vun engem neie Vertrieder.
Et gouf eng Kandidatur, wou eise Conseiller Politique Tommy Klein sech bereet erkläert, fir de Posten z’iwwerhuelen. Erklärunge vum Tommy zu den Aufgabe vun der ALIA.

Vott : ugeholl 13 Persounen dofir ; 5 Enthalungen


Interna

Satzungsännerung Aarbechtsgruppen


Presentatioun vum Tommy Klein. Duerch déi aktuell Situatioun ass eng nei Dynamik erakomm.
Déi Aktuell Statutte sollen, jo wei ugekënnegt, iwwerschafft ginn. Dëst gouf schonn an de Parteileedungen thematiséiert. Am Februar krut d’Parteileedung hei schonn eng éischt Versioun virgeluecht, op där weidergeschafft ginn ass.
Weider Virgoensweis: D’Invitatioune fir d’Aarbechtsgruppe sollen un all d’Membere goen. Membere kenne bezierksiwwergräifend an d’Meetinge kommen.
Uschléissend Froe vun de verschiddene Vertrieder vun der PL un den Tommy.
(Morgan Engel ass online um 19:30 eran an de Meeting komm)

Situatioun an der Partei



Diskussiounsronn moderéiert vum Mathis, iwwert déi aktuell Problemer an eiser Partei. All Member huet seng Doleancen hei konnten zur Aussprooch bréngen. Aus strategesche Grënn gëtt dëse Punkt am Huis Clos ofgehalen.

Diskussioun punkto Stattuttereform:


Accord an der Parteileedung an och bei den Deputéierten, dass an der neier Satzung soll den Deputéierte kee Sonderstatus iwwert de Conseillere kréien. Duerno ass nach eng Diskussioun opkomm, op Initiativ vu verschiddene Memberen aus der Sektioun Stad, ob net schonn elo de Koordinator sollt seng Funktioune roue loossen. D’Majoritéit vun der Parteileedung huet där Iddi net zougestëmmt. De Marc erkläert, dass een sech elo op d’Aarbecht vun der Satzungsännerung konzentréiere soll an duerno de Landeskongress doriwwer entscheet, wéi d’Partei an Zukunft opgestallt gëtt. Bis dohinner wäert hien seng Aarbecht als Koordinator weider ausféieren.

Zesummenhang posts

D’Naturschutzgesetz soll d’Natur an d’Ëmwelt schützen an dozou bäidroen, fir eise Planéit an engem gesonden Zoustand ze hannerloossen, deen d’Iwwerliewe vu Mënsch an Déier
D’Situatioun an den USA weist elo schonns alarméierend Entwécklungen am Beräich vun der Wëssenschaft. Wéi aus dem Artikel “Wie Trump den Wissenschaftsstandort USA in