20240326 Südcomité Rapport

Zu Schëffléng am Restaurant Buggy.

Et ware präsent: Steven Curfs, Chris Bernard, Paula Couto, Ben Lomel, Marc Goergen, Monteiro Teresa, Sonya Scalise, Chris Bernard, Gilles Mertz, Tammy Broers.

Events

  • D’Sektioun Käl huet fir den 16ten Abrëll eng AG aberuff, wou een neien Comité gewielt gëtt. Rendez-vous am Café op der Place. 
  • Blummemaart Sonndes 12te Mee 2024: d’Sektioun Käl mécht d’Organisatioun. D’Personal vun der Partei riicht do op an of. Se kréien och d’Flyeren fir d’EU-Wahlen gestallt. Et geet nach eng Invitatioun un d’Partei.
  • Summerfest vun der Partei 7te Juli 2024. Et geet nach eng Invitatioun un d’Partei. Eventuell erëm mat Paella HotDog fir Kanner. Béier-Eck. Zu Käl. 2 Zelter gebraucht. Personal ass do dispo fir ze hëllefen.
  • Gay Pride + Braderie 13te/14te Juli zu Esch.
  • Braderien: d’Personal huet eng Lëscht preparéiert fir déi nächst Braderien déi ustinn. Nächst Event ass den 20ten Abrëll 2024 zu Diddeleng. 
  • Eemaischen 1ten Abrëll: jiddereen ass invitéiert fir Eeër auszedeelen. D’Personal mécht de Büro an der Stad ab 9h00 op, wou d’Eeër stockéiert sinn.
  • Kongress Osten den 18ten Abrëll 2024.

Feedback Relais pour la vie: et ass schued, dass net méi Leit hei matgelaf sinn. Generell huet de Südcomité d’Meenung opgestallt, dass mer, ier mer bei Eventer matmaachen, am Viraus garantéiert hunn, dass genuch Leit op deem Weekend disponible sinn. De gudden Zweck wäerte mer awer weiderhinn ënnerstëtzen mat engem Don.

Administratives

Parteifinanzen

Informatioun vum Tresorier a vun der Südtresorière zum aktuelle Stand vun de Finanzen am Südbezierk.

Et gouf och de Point gemaach iwwert d’Ofgaben vun de Jetongen aus deene verschiddene Sektiounen. De Punkt gëtt am nächste Südcomité nach eng Kéier präziséiert.

Kommunikatioun Süd-Comité

Invitation vum Südbezierk fir an alle Sektiounen een neien Comité ze wielen.

Biergerbedeelegung

Iddi gouf vun der Sektioun Péiteng an de Raum bruecht, fir bei gréissere Projeten an der Gemeng eng Ëmfro ze maachen bei de Bierger:innen, éiert se am Gemengerot ofgestëmmt ginn. D’Iddi gouf positiv begréisst am Comité. D’Fro stellt sech natierlech, iwwert wéi eng Plattformen een d’Leit am beschten erreescht. D’Piraten kënnen op hir intern Plattform “Asamblea” zeréckgräifen. Donieft kënnen Ëmforen op Social Media och de Puls bei de Leit fillen. Letztendlech bleiwen klassesch Pisten, wéi zB Bréiwer eng Optioun, mee dat ass mat méi Käschten an zäit verbonnen.

fro.lu sollt op Gemengenniveau agebaut ginn, fir dass d’Leit hirem Gemengeconseiller kënne Froen schreiwen

 —> Punkt gëtt op der nächster Parteileedung opgesat.

Sektioun Esch

Et wäert een Appel un d’’Memberen erausgoen, fir sech an de konsultative Kommissiounen ze mellen. 

Politesch Aktualitéit

Resolution Police: Zu Péiteng gouf eng Resolutioun presentéiert, fir Polizisten erëm an d’Südkommissariater. Aner Sektiounen hu sech dofir ausgeschwat, bei dësme Thema och drun ze bleiwen an hire Gemengeréit.

Nächst Comitéssitzung: Den Dënschden 21te Mee ab 19h00 zu Esch 

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene