20240224 Sitzung Comité Süden

Présent:

Christian Bernard, Paula Couto, Marc Goergen, Camille Liesch, Mireille Liesch, Ben Lommel, Teresa Monteiro, Vincenzo Turcarelli, Christian Welter, Bruno Da Silva, Tina Fatone, Starsky Flor

Start: 19:00 zu Olm

Enn: 21:00

Käerjeng: Contournement

Presentatioun zu den Updates vum Contournement vun de Conseillere vu Suessem/Käerjeng. 1x de Mount ass do en Aarbechtsgrupp. Diskussioun wéi eis Conseilleren sech diesbezüglech coordinéieren a wat se do ofstëmmen. Laut Marc Goergen ass de Projet deen 2018 vun der Chamber gestemmt gouf, haut net méi dee selwechten, dofir misst et senger Meenung no, erëm an d’Chamber.

Suessem/Bieles/Zolwer: Hausse Taxen 

Zu Suessem solle verschidden Taxen an d’Luucht goen. De Bruno Da Silva, wou dee Punkt deemnächst am Gemengerot huet, freet d’Südleedung fir hiren Avis zu de geplangten Haussë vun deenen Taxen. D’Presentatioun vum Bruno ass gefollegt vun der Diskussioun iwwert déi Taxen.

Online Kalenner

Diskussioun iwwert e méigleche Site/App/Messenger Déngscht fir Events an Norichten. Et gouf festgehal, dass fir d’Events TeamUp, eng App déi scho fir d’Chamberswale benotzt gouf, rëm lancéiert gëtt. Fir d’Chats gëtt LuxChat a Messenger weider benotzt.

Jetons

Diskussioun doriwwer, wéi eng Sektiounen hier Jetone scho bezuelt hunn a wéi eng net. Conclusioun, dass déi eenzel Kommissiouns/- a Gemengerotsmembere vum Christian eenzel ugeschriwwe ginn. 

Stammdësch Iddi

D’Südleedung diskutéiert, Stammdëscher an den eenzelnen Gemengen ze organiséiere fir Visibilitéit ze generéieren.

Parteifinanzéierung Süden

Denkustouss vum Chris Bernard, wéi de Süden sech finanziell opstelle ka fir déi nächst Walen. Diskussioun doriwwer wéi d’Finanze gehandhaabt ginn, fir Konflikter tëscht Sektiounen/Bezierker an Zukunft ze vermeiden.

Europawalen

Update vum Marc, wou der Südleedung matdeelt, wat am Walofkommes punkto Material steet. Wat elo erlaabt ass a wat net.

Events

Lancement vun der Umellung fir de Festival des Migrations vum Christian, deen dëse Weekend an der LuxExpo stattfënnt.

Lancement vun der Umeldung fir de Relais pour la Vie vum Christian.

Lancement fir de Fraestreik vum Paula. Treffpunkt um 17 Auer den 8ten Mäerz op der Place de Paris.  

Zesummenhang posts

Den europäesche Rechnungshaff huet a sengem Bericht 27/2024 festgestallt, datt just 16 Prozent vun den ausgetauschte Meldungen zu grenziwwerschreidende Steiergestaltunge vun de fënnef ënnersichten
Rezent Medieberichter no huet den Direkter vum Atomkraaftwierk zu Cattenom fir d’éischt d’Méiglechkeet vun engem neie Reakter vum Typ EPR op der Plaz ugeschwat.
An der Aktualitéit gouf e Fall public, wou eng Koppel, déi zënter 2022 zesummen ass an e Kand huet, net d’Méiglechkeet kritt sech ze