20231121 Sitzung Comité Süden

Présents : Teresa, Tina, Steven, Patrick, Bruno, Paula, Christian, Chris, Ben, Marc, Gilles, Sonya

Ufank 19h00, Schluss 22h00.

Parteileedung 2ten Dezember

Wien schwätzt fir de Bezierk Süden ? Wéi presentéiere mer ?

Approche : déi véier Bezierker schwätzen, fir de Süden ee vum Comité. Op Basis vun de Notizen vun der leschter Comitésreunioun. 

Duerno hunn déi eenzel Kandidat:innen hier 5 Minuten. 

Comités Piraten : wien mécht wat ?

Wat existéiert? Wien ass Member? Comité Süden: opsetzung /Organisation (wen mecht wat) ab wéini?

 https://piraten.luwmw/

 https://piraten.lusatzung/

Präsidium = Comité
Parteileedung = strategesch Decisiounen

Situatioun Piraten Esch

Opbau vun engem neie Comité. Nächste Generalversammlung ass den 9ten Dezember.  Kandidaturen kënnen iwwert ahoi@piraten.lu erageschéckt ginn. 

Den aktuelle Comité wäert sech zesumme mat Memberen vum Südcomité mat den neie Kanditat :innen versammelen, fir iwwert d’Iddien fir Esch ze diskutéieren. 

Kommunikatioun an Deele vun Infoen tëschent de Gemengeconseilleren 

Iddi fir op Luxchat ze goen, fir d’Kommunikatioun tëschent de Gemengeconseilleren z’assuréieren. All Gemengeconseiller soll sech registréieren an dem Marc ee Message schreiwen, deen ee gemeinsamen Chat opmécht.

Plattform fir Dokumenter  https://gemengerot.piraten.lu

Orange Week

Samschdes 25/11 ass d’Marche vun der Orange Week (géint Gewalt géint Fraen a Meedecher) um 11h00 zu Ettelbréck.

Thema Mobbing

Fro op de Gemengenniveau bréngen : wat mécht deng Gemeng géint Mobbing an de Schoulen. Wat gouf konkret am leschte Joer gemaach ?

Jetons de présences Kommissiounen a Gemengerot (Désavantages fiscal)

D’Reegelen vun der Besteierung variéieren jee no Steierbüro. 

Aktuell ass eng QP ënnerwee : https://piraten.lubesteierung-vu-prasenzjetong/

SIGI-Drive

All Gemengeconseiller brauch ee kompletten Accès zum SIGI-Drive, wou en d’Dokumenter vum Gemengerot kann consultéieren. Et ass wichteg, dass all Gemengeconseiller säin Aide-Mémoire kann kucke goen. 

Preparatioun Budgetsdebaten

All Gemengeconseiller sollt ee Kommentar zu sengem Budget ofginn. Wann Hëllef gebraucht gëtt, kënne mer eis am Südcomité koordinéieren an austauschen. Am Normalfall ginn d’Debatten iwwer e puer Deeg gehalen. 

Kongresser fir de Süden 

2024 Käerjeng: Käerjenger Treff. De Vincenzo soll kucken fir den 20te Januar de Sall ze kréien. Alternativ : Suessem.

Chrëschtdagsiessen Süden

28ten Dezember owes um 19h00 zu Kayl beim Ben. De Gilles sammelt d’Umeldungen.

Informatioun : Nationalkongress Januar 

Samschdes 27ten Januar 2024. Moies.
Do ginn nei Memberen fir de Präsidium gewielt. 

Nächst Comitéssitzung

19ten Dezember ab 19h30.

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen