20231017 Comitéssitzung Bezierk Süden

1. Walanalyse

d’Resultater vun de Walen goufen a breeder Ronnanalyséiert. Jiddereen huet seng Aschätzung zum Walresultat gemaach.

d’Froen fir d’Diskussioun ze lenken waren:

Wat hu mer gutt gemaach?
Wat hu mer schlecht gemaach?
Firwat kruten aner Parteien méi Zousproch?
Wat kënne mer nächste Kéier besser maachen?

Aus strategesche Grënn gouf dës Sitzung am Huis Clos gehalen.

2. Opbau Sektiounen

De Koordinator erënnert nach eng Keier dorunner, dass d’Sektiounen elo mussen opgebaut ginn, grad an deene Gemengen, wou mer keng Lëschten haten. Dës Aarbecht wäert elo iwwert déi nächst 5 Joren weidergefouert ginn. D’Basisd dofir ass ganz gutt mat enger motivéierter Equipp, déi mir hunn.
A reegelméissegen Intervallen wäerten d’Piraten ee Meet&Greet op verschiddene Plazen am Land organiséieren.

3. Nächste Comité

Deen nächste Südcomité ass den 21te November 2023 um 18h30 zu Suessem geplangt.

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt