Et ware präsent: Mathis, Camille, Mandy, Jerry , Sven, Marc, Raymond, Gilles, Starsky, Daniel
D’Parteileedung ass domadder entscheedungsfäheg.
1. Info Equipe Norden (Raymond)
De Kongress fir den Norden ass preparéiert. D’Kandidaturen fir Bezierkscomité sinn all deposéiert an all Poste huet op mannst ee Kandidat.
Dem Kongress wäert eng Motioun iwwert den Transport, Spidolssektor a Landwirtschaft am Norden zum Vott gestallt ginn.
2. Wahlofkommes 2023& Reunioun Alia (Marc, Gilles, Claude)
D’Versammlung op déi d’LSAP invitéiert hat fir ee Wahlofkommes tëschent de Parteien fir 2023. D’Parteien hate schonn 2018 een Accord fonnt.
Et geet bei dësem Ofkommes ëm Plafongen fir Walausgaben, Wahlkampfwerbung muss zentraal erfaast ginn, Ethik-Reegelen fir d’Kandidaten, Beschränkungen fir Walmaterial opzestellen, etc.
D’Piraten fuerderen, dass och d’Ministèren an d’Ofkommes erafalen: (Bsp ee Minister mécht kuerz virun de Wahlen nach eng grouss Pressekonferenz).
Déi nächst Reunioun ass am November.
De Gilles an de Claude hunn iwwert d’Reunioun mat der ALIA beriicht, wou et ëm d’Riichtlinnen fir de Wahlkampf goung.
3. Finanzen 2023 (Marc&Gilles)
D’Parteileedung huet d’Finanzéierungsstrategie fir d’Wahljoer beschwat.
Reminder: all Gadget, dee vu Kandidaten / Memberen kaf gëtt, muss zentral iwwert d’Partei kaf ginn. Dat heescht:
d’Rechnung leeft op d’Partei.
d’Partei bezillt d’Rechnung.
de Kandidat ass da gebieden een Don un de Parteikonto maachen fir déi Méikäschten ze bezuelen.
4. Pub Socialmedia(Mandy)
Diskussiounen driwwer, wéi d’Kommunikatioun op social Media ka verbessert ginn.
- Haalt iech un d'”Corporate Identity” vun der Partei (Logo, Fuerwen, Schrëft, etc.)
- Sech weisen: Fotoe maachen, op de verschiddene Plattformen deelen. Maachen 🙂
- Bezierker a Sektiounen si fräi hier Kommunikatioun ze geréieren, wéi si et fir richteg halen.
- Politesch Annoncen op Social-Media mussen deklaréiert. De Sven kuckt zesumme mam Personal fir dat ze maachen.
- Fir d’Bezierker z’ënnerstëtzen, solle fäerdeg Templates erstallt ginn, déi da fräi benotzt kënne gi fir d’Kommunikatioun. (Sven+Eric+Marc)
Diskussioun iwwert ee Social Media Cours fir Mandatairën & KandidatInnen
- technesch Froen (wéi erstellen ech eng Page als Kandidat) & inhaltlech Froen beäntwerten (wéi reagéieren ech op Kommentarer, wat soll ech posten?).
- De Jerry kuckt zesumme mam Personal fir een Dokument ausschaffen fir ee Social Media FAQ fir d’Sektiounen auszeschaffen.
5. Nei Website (Gilles)
De Freiden soll déi nei Website endlech gelaunched ginn. Wien Feehler entdeckt, soll der Parteileedung déi mellen oder op ahoi@piraten.lu weiderginn.
6. Piaggio
Wat ass de Plang mat der Piaggio (Reparaturen, Umeldung)?
d’Sektioun VDL ass interesséiert fir de Gemengewalkampf op d’Piaggio zréck ze gräifen, besonneg fir d’Mäert an der Stad.
Informatioun vum Starsky: d’Piaggio funktionnéiert, mee net fir wäit Strecken. Se gëtt transportéiert mat enger Remorque. Wann an der Stad eng Plaz ass, wier et gudd se dann do ofzestellen.
–> De Starsky wäert sech mam Steve Fuchs ëm d’Maschinn këmmeren. Accord fir d’Stad fir se ze benotzen.
7. Walprogramm 2023
Eis Kandidaten kréien een FAQ (Stéchwuertkaarten) a mir preparéieren och Videoen zum Wahlprogramm + Haaptpunkte fir Gemengewahlen.
Wa Kandidaten / Memberen Froen zum Programm + Social Media Froen hunn, kënnen se eis déi schécken op ahoi@piraten.lu . Mir zentraliséieren d’Saachen an engem fichier, op deen d’Parteileedung Zougrëff huet.
8. Divers
De Mathis beriicht, dass d’Jopis net op eng Table ronde agelude goufen, déi vun der Chamber organiséiert gouf.
–> D’Jopis sollen ee Bréif un de Chamberspresident schreiwen, d’Fraktioun leet e weider.
Enn vun der Reunioun um 21h00.