1G bei der Arméi

Mam aktuelle Covid-Gesetz kommen op d’Gesellschaft eng Hellewull u Reegelen zou, déi an de verschiddene Liewenssituatiounen ze respektéiere sinn. An deene meeschte Fäll gëllt den 2G oder den 2G plus. Bei der Arméi schéngt een allerdéngs scho méi wäit ze sinn, an nëmmen nach op den 1G ze setzen. Kandidate ginn ab dem 1te Januar 2022 nëmmen an d’Arméi incorporéiert, wann se ee vollstännegen Impfzyklus virweise kënnen. Persounen, déi net geimpft sinn, ginn deemno vollstänneg aus der Arméi ausgeschloss.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann de Verdeedegungsminister dës Prozedur bestätegen? 

  2. Mussen all Zaldoten ab dem 1te Januar komplett geimpft sinn? 

  3. Op wéi enger legaler Basis fousst dës Entscheedung?

  4. Wat ass mat deene Persounen, déi den Impfzyklus nach net ganz ofgeschloss hunn? 

  5. Wäert dës Mossnahm och an aanere Minsitèen agefouert ginn? Falls jo, a wéi engen?

  6. Wat geschitt mat genesene Kandidaten, déi sech fir den Datum vun der Inkorporatioun guer net kënnen impfe loossen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5411

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene