13000 AstraZeneca Dosen déi Enn des Mounts oflafen

Laut Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°5048 hat Lëtzebuerg,  Stand 5ten November, nach 13110 Dosissen vum Vaxzevria-Vaccin (AZ) op Lager, déi Enn dës Mounts, also den 30ten November, oflafen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill vun deenen 13110 Dosissen sinn elo nach iwwereg?

  2. Wäert d’Lëtzebuerger Regierung déi verbléiwend Vaccinen nach virum Oflaf Datum un een anert Land viru ginn, fir ze verhënneren, dass dës mussen entsuergt ginn? 

  3. Wéini wäert dëst geschéien, wëssend dass kaum nach Zäit bleift an et jo och Zäit brauch, wann d’Vaccinen an engem Land ukommen, bis dass se kënne verimpft ginn? 

  4. Wéi eng Länner wäerten Dosissen kréien an no wat fir engen Krittären gouf dat Land/ déi Länner erausgesicht?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5271

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt