D’PIRATEN wëllen, dass de Staat Wunnengen selwer verlouhnt an dat zu engem Präis vun 10€/m².
Dat kléngt iwwerdriwwen an do freet ee sec natierlech: wéi wëllt dir dat maachen?
Fir een Haus (an der Moyenne):
Als éischt ass et wichteg ze wëssen, dass de Präis vun engem Haus an engem Appartement sech aus dem Terrainspräis an dem Baupräis zesummesetzt:
Terrainspräis + Quadratmeterpräis * Gréisst vum Haus (m2)
D’Zuelen mussen, wéinst engem Manktum un disponiblene präziisen Daten, selwer estiméiert ginn. Eis Zuele fir d’Baupräisser fir Haiser berouen op den Estimatiounen vun 3 Baufirmen fir Haiser an den Zuelen vum „Observatoire de l‘Habitat“ souwéi de Verkafszuelen bei der SNHBM.
Quadratmeterpräis (Konstruktioun am Joer 2018): 2.750 € / m²
Indexéiert mam Baupräisindex (2022): 3.657,50€/m2
D’SNHBM verkeeft Haiser vun 140m2, woubäi den Terrain och tëschent 2 an 3 Ar schwankt. Laut dem Observatoire kënnt eng Unitéit Wunnraum fir en Haus op 3,1 Ar Terrain.
Bei engem mëttlere Präis vun ronn 100.000 € pro Ar Terrain (ausserhalb vum Landeskär) kann een en Terrainspräis vun 300.000€ usetzen.
Mat dësen Donnéeën kënne mer eis Rechnung starten:
Terrainspräis + Quadratmeterpräis * Gréisst vum Haus (m2)
= 300.000€ + 140 * 3.657,50€/m2 = 812.050€
Also kascht een Haus vun 140m2 an der Mëttelklass ouni Benefice (vun engem private Promoteur): 812.050€.
Bei den Haiser ass et d’Gréisst vum Terrain, déi de Präis dréckt. Hei misst een entweder méi dicht bauen oder awer Zweefamilienhaiser virgesinn, fir d’Käschten ze drécken.
Fir Appartementer
Bei engem Appartement huet een de Virdeel, dass an enger Residenz e puer Wunnunitéiten openee kommen an sech d’Käschten vum Terrain hei op all Wunnunitéit opdeelen. Dës Weideren gewënnt ee bei all Stack méi Quadratmeter Wunnraum.
Bei 3 Ar Terrain kann ee pro Stack 3 Wunnengen à 80m2 bauen. Op 3 Stäck kéint een hei 7 bis 9 Wunnengen bauen.
Bei engem Quadratmeterpräis (Konstruktioun) vun 3.657,50 € / m² géif d‘Rechnung esou ausgesinn:
Terrainspräis/Unzuel u Wunnengen + Quadratmeterpräis * Gréisst vum Appartement a Quadratmeter
= 300.000€/9 + 80m2 * 3.657,50€ = 325.945€
En Appartement géif an dësem Fall also ronn 325.000€ € kaschten. Et kann een doriwwer eraus unhuelen, datt d‘Baupräisser fir Appartementer an der Moyenne 10 Prozent méi niddreg leien wéi bei den Haiser (op den Total gekuckt), wat de Präiss wuehl nach drécke géif.
Metercarréspräis pro Mount berechnen
Wa mir een Appartement op 40 Joer (=480 Méint) amortiséieren, da komme mir op folgende Präis pro Quadratmeter pro Mount:
- Präis vum Appartement / 480 Méint / 80m2
=325.000€ / 480 Méint / 80m2
=8,46 € / m2 pro Mount
Souguer wa mer unhuelen, dass de Präis pro Appartement mat den aktuelle Konstruktiounspräisser ëm déi 400.000 leit, komme mer nach ëmmer op een ähnleche Montant:
=400.000€ / 480 Méint / 80m2
=10,41 € / m2 pro Mount
Bei engem Haus landt ee mat der nämmlechter Rechnung bei 812.050€/480/140m2 = 12,09€. Hei muss ee wéi gesot entweder iwwer Doppelhaushälfte fueren oder den Terrain méi dicht bebauen.
Fazit vum 10€/m2
D’Berechnunge weisen: d‘Konstruktioun vu Wunnengen ouni Gewënnabsicht fir 10 € de Quadratmeter Loyer pro Mount ass och am Joer 2023 méiglech! Dofir dierfen awer keng Profitmargen op den Appartementer gemaach ginn. An dofir muss de Staat dës Appartementer baue loossen.
Optioun vum Mietkauf
Dës Weidere kann de Staat de Mietkauf an d’Formule vum Finanzement eranhuelen. Dës Form existéiert elo schonn an Däitschland a wär relativ einfach ëmzesetzen. Beim Ënnerschreiwe vun engem Mietkontrakt gëtt d’Valeur vun der Immobilie einfach am Kontrakt festgehalen, bei eisem Beispill wären dat beim Appartement 325.000€.
All Mount, deen ee Locataire als Loyer bezilt, kritt en op enger Zort Spuerkonto beim Staat guttgeschriwwen. No 10 Joer Loyer wären dat:
845€ Loyer pro Mount * 120 Méint = 101.400€
De Locataire decidéiert, dass hien d’Appartement ganz kafe wëll. An deem gëtt dës Zomm vum Wäert vun der Immobilie ofgezunn. De Locataire muss dem Staat als Proprietär also nëmme nach 223.600€ fir de Kaf vum Appartement iwwerweisen (325.000€ Käschtepräiss vum Appartement – 101.400€ Loyer, dee scho bezuelt gouf).
Gläichzäiteg huet den neie Proprietaire vun der Wunneng elo d’Fräiheet, fir d’Wunneng ze benotzen an iergendwann ze verkafen. De Meitkauf gëtt de Mënschen deemno de Choix, ob se lounen oder kafe wëllen a bitt de Leit eng Perspektive, fir sech am Liewen selwer ee Kapital kënnen opzebauen.
De Staat soll awer bei dësen Terrainen ee Virkafsrecht behale kënnen (=Emphythéose). Dës bréngt mat sech, dass de Staat d’Wunnengen, déi mat Steiergelder bezuelt goufen, net aus der Hand gëtt.
Lescht Aktualiséierung den 2.9.2023