1 Joer Transparenzregëster: eng Mogelpackung ouni Plus-value

De Sven Clement hat am November 2019 eng Propose deposéiert fir en Transparenzregëster am Chambersreglement anzeféieren. D’Propositioun gouf an der Chamber wärend 2 Joer hin an hier diskutéiert an no enger Rëtsch Ofännerungen am Dezember 2021 endlech gestëmmt.[1] 

Leider gouf ons Propose op e Minimum reduzéiert an den Transparenzregëster ass esou wéi en aktuell a Kraaft ass eng Mogelpackung. 1 Joer ass d’Transparenzregëster elo a Kraaft an d’Piraten stelle fest, datt an der Praxis d’Plus-Value vum Transparenzregëster gläich Null ass. D’Entrevue vun Deputéiert sinn net couvréiert, Organisatiounen an Donnéeë feelen an d’Format mécht en systematesche Suivi onméiglech.

D’Deputéiert musse keng Informatiounen zu Entrevue mat Interesseverbänn uginn

Wien huet sech wéini mat wéi engem Deputéierte getraff fir zu wéi engem Thema ze schwätzen? Den Transparenzregëster gëtt dorop keng Äntwert.

D’Chamber hänkt am direkte Verglach mat der Regierung souguer hannendrun . De Ministèren hiren “Registre des entrevues” ass zwar gutt verstoppt[2], mee en ass awer ëmmerhi siichtbar. Am Regierungs-Lobbyregister ginn Datum, Plaz, Numm vun de Participante esou wéi Themen a Positiounen, déi vertruede ginn,  verëffentlecht.
Reunioune mat Interesseverbänn mussen am Transparenzregëster publizéiert ginn, mat Datum vun der Entrevue, den Organisatiounen déi drun Deel huelen an den Themen, déi ugeschwat goufen.

Den Transparenzregëster ass net komplett

Et ass offensichtlech, datt net all Organisatiounen, déi mat den Deputéierten a Kontakt stinn och am Register agedroe sinn. Kleng Organisatiounen an Associatioune wëssen deelweis net, datt se sech mussen am Transparenzregëster aschreiwen, wann se organiséierte Kontakt mat Deputéierten hunn.

Mir Piraten fuerderen dofir, datt souwuel d’Chamber wéi och d’Deputéiert responsabiliséiert ginn, fir Interesseverbänn opzefuerderen sech am Transparenzregëster anzeschreiwen, wann se en strukturéierte Kontakt mat den Deputéiert wëllen ophuelen.

Déi Informatiounen, déi ëffentlech ugewise ginn, ginn net duer, fir sech e Bild vun de Lobbyefforten ze maachen.

Aktuell gi just Numm, juristesch Form an den Numm vun Drëtten, déi vertruede ginn, am Register publizéiert. 

De Transparenzregëster muss nom Virbild vun der EU-Kommissioun[3] ausgebaut ginn an d’Zieler vun der Organisatioun, d’Gréisst vum Lobbyeffort (wéi vill Personal agestallt ass), Memberschaften a weideren Organisatiounen, a Budget vum Lobbyeffort uweisen. Nëmmen esou léist sech och realistesch aschätzen, wéi en Impakt eng Organisatioun op d’legislativ Entscheedungsprozesser huet.

D’Format vum Transparenzregëster verhënnert eng systematesch Analyse

Eng Tabell an engem PDF e keen akzeptabelt Format fir Donnéeën ze verëffentlechen. Den aktuellen Transparenzregëster ass net maschinell ausliesbar mee en per Hand zesumme gefréckelte PDF, dee kengen Open-Data-Standarde gerecht gëtt. Et gëtt keen Historique vun enger Demande, fir ze iwwerpréiwe wien wéini wéi eng Donnéeë geännert huet.

Fir et klengen Organisatioune méi einfach ze maachen, misst de ganze Prozess iwwer en Webformulaire organiséiert ginn. Hei kéinten sech d’Associatiounen dann aschreiwen, fir hier Donnéeën z’aktualiséieren a géifen och automatesch Remindere kréien, fir Donnéeën ze iwwerpréiwen. Dës Donnéeë sollten als Transparenzregister op Open-Data an de gängege Formater (csv, xml, xlsx) verëffentlecht.

[1] https://www.chd.lu/fr/dossier/7499
[2] https://gouvernement.lu/fr/systeme-politique/gouvernement/deontologie-declarations-registres/2018-2023/registres-entrevues.html
[3] https://ec.europa.eu/transparencyregister/public/consultation/displaylobbyist.do?id=272733624418-18

Zesummenhang posts

D’Situatioun um Wunnengsmaart huet sech an deene leschte Joren immens geännert. Zënter der Invasioun vun der Ukrain, der uschléissender Inflatioun an der Erhéijung vun
Wärend der Covid-19-Pandemie huet een erausfonnt, dass ee vill Zäit a Ressourcë ka spueren, andeems ee Reuniounen iwwert Videokonferenz ofhält. Esou goufe wärend der
An der Press gouf bericht, datt den US-amerikaneschen Entreprise SpaceX en Accord mat der indescher Firma vum Milliardär Mukesh Ambani ënnerschriwwen huet, fir de