Zukunft vun der Telekommunikatioun zu Lëtzebuerg

D’Europäesch Kommissioun huet de 21. Februar 2024 e Wäissbuch mam Titel “Wéi kann de Besoin u digitaler Infrastruktur an Europa gedeckt ginn?” virgestallt. Dëst Dokument analyséiert déi europäesch Erausfuerderunge beim Opbau vun zukünftege Konnektivitéitsnetzer a stellt méiglech Zenarie vir, fir Investitiounen unzezéien, Innovatiounen ze fërderen, d’Sécherheet ze erhéijen an e richtegen digitale Bannemaart ze realiséieren.

An Däitschland huet d’Bundesministerium fir Digitales an Transport de 16ten a 17ten Abrëll 2024 eng Unhéierung mat Stakeholderen aus der Telekommunikatiounsbranch zu dësem Thema duerchgefouert an eng Stellungnam un d’Europäesch Unioun geschéckt. Dëst weist d’Wichtegkeet vun enger breet ofgestëmmter nationaler Positioun zu dësem Sujet.

An deem Zesummenhang wéilt ech der Madamm Ministesch dës Fro stellen:

  1. Huet d’Regierung eng änlech Consultatioun mat Stakeholderen aus der Telekommunikatiounsbranch zu Lëtzebuerg organiséiert?
    • Wa jo, wéi eng Conclusiounen huet een doraus gezunn? 
    • Wa nee, ass esou eng Consultatioun geplangt?
  2. Wéi bewäert d’Regierung de Virschlag, e méi integréierte Funkfrequenzmaart respektiv en harmoniséierten Usaz fir d’EU-wäit Frequenzverwaltung ëmzesetzen? Wéi eng konkret Moossname géif d’Regierung als sënnvoll ugesinn, fir dëst ëmzesetzen?
  3. Deelt d’Regierung d’Aschätzung vun der EU-Kommissioun, dass déi bishereg Beméiungen ëm méi EU-wäit Koordinatioun, Konvergenz a Sécherheet bei der Frequenzverwaltung net vu Succès gekréint waren? Wéi eng Moossname kéinten op europäeschem Niveau zu Verännerunge féieren?
  4. Setzt sech d’Regierung dofir an, en EU-Frequenzeplang a Richtung 6G gesetzlech ze verankeren, fir dass nei technologesch Fortschrëtter an der ganzer EU gläichzäiteg kënnen agefouert ginn?
  5. Wéi bewäert d’Regierung de Virschlag zum “Verfall bei Netnotzung” a Bezuch op Frequenzen?
  6. Wéi gesäit d’Regierung d’Méiglechkeet, mat Hëllef vun industriepoliteschen Moossnamen “europäesch Champions” am Telekommunikatiounsberäich ze schafen?
  7. Deelt d’Regierung d’Aschätzung vun Investoren, dass duerch d’Fragmentatioun vum europäeschen Telekommunikatiounsmaart d’EU net attraktiv fir Groussinvestitiounen ass? Wëll d’Regierung eppes dogéint ënnerhuelen, a wa jo, wat?
  8. Wéi bewäert d’Regierung d’Instrument vun de Konnektivitéitsgutschäiner? Plangt d’Regierung, esou Gutschäiner och zu Lëtzebuerg anzeféieren?
  9. Wéi gesäit d’Regierung eng méiglech Ännerung vun der Maartregulatioun vun enger ex-ante Regulatioun zu enger ex-post Regulatioun? Mat wéi enge méiglechen Auswierkungen op den TK-Maart rechent d’Regierung no enger eventueller Aféierung?
  10. Wéi bewäert d’Regierung de Virschlag, d'”Hierkonftlandprinzip” anzeféieren, bei deem d’Rechtsvirschrëfte vum Nidderloossungsmemberstaat agehale ginn, ouni dass d’Rechtsvirschrëfte vun den eenzele Memberlänner, an deene Servicer ugebuede ginn, musse befollegt ginn?

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene