Zu Gast Dezember 2023:

Léiwe Kleeschen:

Elo wou déi nei Regierung steet a jidderee gespaant op däin Optrëtt waart, wollte mir Pirate froen – wa mer dann an dengen Ae brav genuch waren – ob mir e puer Wënsch fir eis d’Land erfëllt kéinte kréien. 

  • Eng Steierreform, wou de Status “bestuet”, “gepacst”, “gescheet” oder “verwitwert” keng Roll méi spillt – an dat am beschte virun 2026, well ee gerechte Steiersystem ass méi wéi iwwerfälleg ;
  • Proprietären, déi hir Wunnengen zu faire Präisser verlounen sollen dës Differenz och vun hire Steieren ofsetze kënnen, well mir fair Loyeren op eisem Wunnengsmaart brauchen an dat net nëmme vum Staat, mee och vu Privatleit ; 
  • Steiervirdeeler fir Groussgondbesëtzer wéilte mer evitéierem, well mir net wëllen, dass Investisseuren a Groussgrondbesëtzer sech weiderhin eng gëllen Nues mam Misär vun anere Leit verdéngen. Wéi sot ee Premier eng Kéier “Mir maachen eis selwer futti”. Mir hoffen du gesäis dat och esou.
  • Eng Ëmweltpolitik, déi net nëmme “pragmatesch” ass, mee mat där mir och kënnen eis Klimaziler areechen. Well mir komme mam Schëff zwar vielleicht besser op d’Schaff, mee ob’s du nach Schnéi fir deng Rendéiere fënns …
  • Ee fräie Choix bei der Familljepolitik duerch ee bore Chèque-service d’acceuil. Da kriss du och manner Wonschziedele vun Elteren, déi sech vun dir méi Zäit mat hire Kanner wënschen ; 
  • Méi Police op eise Stroossen, fir och dech léiwe Kleeschen ze schützen ; 
  • Hëllefen fir d’Leit am Drëtten Alter, fir dass jiddereen sech kann déi Fleeg leeschten, déi e brauch – well och du wëlls kënnen an Dignitéit deng Pensioun genéissen ; 
  • Mesurë fir den Enseignantsberuff erëm interessant ze maachen, well wie bréngt eise Kanner soss bäi, ee Walziedel auszefëllen? ;
  • D’Santésberuffer duerch eng méi accessibel Offer a besser Schaffkonditioune méi attraktiv maachen an Dokteren, méi einfach zesummeschaffe loossen, well och Pirate brauchen Dokteren. Mee keng Privatinvestisseuren, déi sech d’Geld vun der CNS an d’Täsche stiechen. Dat Geld brauche mer nach, soss gëtt dat näischt méi mat der Krankeversécherung am Fall vun engem Aarbechtsaccident…Du verstees bestëmmt.
  • Administratif Vereinfachung duerch ee Guichet unique – mee keng 100 Guichet uniques w.e.g
  • Eng Regierung déi net déi Äermst géinteneen ausspillt: z. B. Leit mat accordéiertem Protectiounsstatuts géint Leit ouni Dach iwwert dem Kapp. Mir als Piraten wëllen dann awer éischter net zeréck an d’Zäite vun de Gladiatorekämpf, mee éischter hin zu enger moderner, fairer Gesellschaft ;
  • Méi Télétravail erlaben, well dann si manner Autoen am Stau a mir all kënne méi propper (Séi-)Loft ootmen ; 
  • Datt mer eng Digitalisatioun kréien, déi d’Beamten op de Ministèren net nach méi am Pabeier ënnergoe léisst. Stéchwuert Steierverwaltung. Manner Pabeier = Méi Chëchtbeemercher #Digitalpartei ; 
  • Keng 5’000 nei Analysen, wa mir schonn d‘Rifkin Etüde gemaach hunn – well mir Piraten hunn et net esou mam laange waarden ;
  • Eng zentral Plaz fir d’Inclusioun an d’Gläichberechtegung an der Politik vun der neier Regierung, well et ass keen Hobby fir 5h d’Woch fir d’Minister(in) – mir Pirate wéilten do schonn an dësem Joerdausend nach weider kommen ;
  •  Ah jo, an natierlech #freeWIFI (op ëffentleche Plazen)

Du gesäis mir froen näischt ze vill. A falls mer net brav genuch ware…bon da probéiere mer et nächst Joer nach eng Kéier 😉 

Léif Gréiss

Deng Piraten

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene