Vermësstemeldungen

Laut Zuele vum Parquet goufen 2024 iwwer 1.100 Persoune bei der Police als vermësst gemellt – eng Verdueblung am Verglach zu 2020, wou et knapp 430 Fäll waren. Dës alarméierend Entwécklung gëtt duerch en Temoignage aus dem Policecorps selwer ënnermauert: Et gi feelend strukturell Ressourcë kritiséiert, déi eng aktiv Sich no vermësste Persoune géife verhënneren, besonnesch bei Fäll, déi net als « disparition inquiétante » klasséiert ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng konkreet Prozeduren applizéiert d’Police, wann eng Vermësstemeldung erageet, déi net als « disparition inquiétante » klasséiert gëtt – a wéi laang gëtt aktiv no der Persoun gesicht?

  2. Eng anonym Source aus dem Policecorps huet sech ëffentlech dofir ausgeschwat, eng zentraliséiert Eenheet bannent der Police anzeféieren, déi sech speziell ëm d’Suivi vu Vermësstemeldunge këmmert an déi déi néideg Zäit an d’Moyene hätt, fir eng aktiv Enquête ze féieren. Ginn et am Ministère oder bei der Police Iwwerleeungen, sou eng Struktur ze schafen? Wa jo, a wat ass hei den ongeféieren Zäitplang? Wa nee, wéi begrënnt den Här Minister, dass déi aktuell Organisatioun adequat ass, fir der steigender Unzuel u Vermësstemeldunge gerecht ze ginn?

  3. Wéi sinn d’Informatiounsflëss beim Schichtwiessel organiséiert, fir sécherzestellen, dass kee Fall “tëscht d’Stil fält”?

  4. Gëtt et Statistike betreffend d’Zuel vun de Vermësstemeldungen am Verglach zu de Persoune, déi nees fonnt goufen – opgeschlësselt no Altersklass an Typ vun der Meldung? Wa nee, gedenkt den Här Minister, esou eng Statistik anzeféieren?

  5. Wéi gesäit de Minister d’Ausso, dass « Fir vill Beamte besteet dréngenden Handlungsbedarf» besteet, besonnesch an Hibléck op d’Zuel vun de Vermësstemeldunge?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3931

Zesummenhang posts