Unzuel vun Dossiere vum Service Centrale d’Assistance Sociale

De Service Central d’Assistance Sociale, kuerz SCAS, spillt am Domän vum Jugendschutz eng ganz elementar Roll a schafft ganz eng mat de verschiddene juristeschen Institutiounen zesummen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Opgelëscht pro Joer, wéi huet sech d’Unzuel vun de Fäll an Dossieren, ëm déi sech de SCAS këmmert, zënter 2010 verännert?

  2. Wéi vill Persoune sinn zënter 2010 bei den Effektiv vum SCAS dobäi komm?

  3. Wéi laang Zäit hunn d’Mataarbechterinnen a Mataarbechter an der Moyenne fir den Traitement vun engem Dossier?

  4. Ass d’Madamm Ministesch der Meenung, dass d’Aarbecht vum SCAS esou ka mat der néideger Suergfalt gemaach ginn? Wa nee, wat fir Ännerunge gesäit si konkret vir?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7266

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt