Tragesche Brand zu Kayl

De 6ten Dezember koum et zu Kayl zu engem tragesche Brand, bei deem ee Kand ëm d’Liewe koum an 10 weider Persoune verletzt goufen. D’Autoritéiten hunn ugekënnegt, d’Brandursaachen z’iwwerpréiwen. Wéi RTL schreift, soll de Miess- an an Erkennungsdéngscht d’Ursaach vum Brand erausfannen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéini schätzen d’Ministeren, dass dës Analyse vum Miess- an Erkennungsdéngscht ofgeschloss wäert sinn?
    Ass de Minister bereet, dës Analyse och an der zoustänneger Chamberkommissioun ze presentéieren?

  2. Wäert och eng Analyse gemaach ginn iwwert d’Aarbecht vun de Rettungsdéngschter? Wat manner gutt funktionéiert huet deen Dag? Wat gutt funktionéiert huet?

  3. Ass d’Ministesch bereet och dës Analyse an enger Chamberkommissioun ze presentéieren?

  4. Mengen Informatiounen no huet de CGDIS zu Kayl keng DLK-Leeder (Drehleiter mit Korb) gehat fir z’intervenéieren.
    • Kann d’Ministesch bestätegen, dass de CGDIS zu Kayl keng DLK-Leeder huet?
    • Hat de CGDIS virdrun eng Leeder? Wa jo, wéini gouf decidéiert dës Leeder un een aneren Zenter ze ginn?
    • Wéi een Zenter huet dës Leeder bei d’Feier bruecht?
    • Wéi laang huet et gedauert bis déi Leeder do war?
    • Wéi laang soll dësen Trajet soss daueren?

  5. Wéi vill huet ee Pompjescamion mat DLK bei der leschter Bestellung kascht?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7353

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen