Suizid ass een trauregt Thema, wat d’Mënschheet zënter Eiwegkeeten begleet. Et ass awer wichteg, d’Thema politesch ëmmer nees opzebréngen, well de Suizid een Ausdrock vu gesondheetlechen, wirtschaftlechen a soziale Problemer ka sinn. An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°7247 aus dem Joer 2022 vun der honorabeler Deputéiert Nancy Arendt iwwert de Suizid bei Jonken hat d’Regierung geschriwwen: “Déi historesch Donnéeën hei uewen weisen datt d’Suiciden bei 10-19 Joer alen Leit meeschtens Männer betrëfft: 75% vun den 10 bis 19 Joer al Leit, déi tëscht 1998 an 2022 Suizid begaangen haten, woren Jongen.” Ee rezenten Artikel op lessentiel.lu vum 26te Januar 2025 huet recherchéiert: “1 521 personnes se sont suicidées au Luxembourg entre 1998 et 2022, dont 1 122 hommes et 399 femmes. Soit 74% d’hommes et 26% de femmes. […] L’une des principales raisons de la différence de taux de suicide entre les hommes et les femmes réside dans la manière dont ils gèrent leurs émotions[…]” De Staat kann eppes géint de Suizid bewierken, andeems en d’Mënschen identifizéiert, déi am Risiko sinn, fir ee Suizid ze begoen. Den Opbau vun der psychologescher Resilienz an eng adequat Offer fir d’mental Gesondheet spillen heibäi eng Roll.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wéi vill Doudesfäll, déi op ee Suizid zréckzeféiere sinn, goufen 2024 zu Lëtzebuerg identifizéiert?
-
Wéi eng Mënschen zu Lëtzebuerg sinn tendenziell éischter gefäerdet, fir Suizid ze begoen?
-
An der Äntwert op d’Fro 7247 hat d’Regierung geschriwwen: “Um Niveau Suizidpreventioun bei den Jonken gesäit d’Regierung am Kader vun den Folge-Aktiounen vum Suizidpreventiounsplang 2015-2019 vir, d’Preventioun ze verbesseren andeem den Zougang zu den jugendpsychiatreschen, souwéi psycho-sozialen Servicer verbessert gëtt. Sou soll d’Kollaboratioun tëschent dem Service National vun der Jugendpsychiatrie, den Strukturen vun der Aide à l’Enfance an dem Office National de l’Enfance renforcéiert ginn. Ziel wier, d’Evaluatioun souwéi d’Prise en Charge vun den Jonken, déi eng akut oder latent suizidal Symptomatik opweisen, ze renforcéieren.” Gouf dëst ëmgesat? Falls jo, wat fir eng konkret Ännerunge goufe gemaach a wéini?
-
“Doriwwer eraus erhofft sech d‘Regierung erhofft natierlech och mam rezenten Accord betreffend den Remboursement vun den Psychotherapeuten, dat dës Aktioun och en Impakt op Suizid-Taux’en bei den Jonken wäert hunn, duerch en vereinfachten Zougang zu enger Psychothérapie.” Wéi vill Persounen hunn 2024 vum Remboursement fir eng Psychotherapie profitéiert?
QP Nummer 1884
