Netzkäschten neutraliséieren beim Aspeise vu Solarstroum

 

D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:

  • Zënter dem 1te Januar vun dësem Joer sinn d’Stroumpräisser méi héich ginn, well d’Regierung den Energiepräisdeckel erofgesat huet an d’Stroumnetzbedreiwer gläichzäiteg eng nei Formel fir d’Berechnung vun de Netzkäschten agefouert hunn;
  • Zënter dem 1te Januar mussen d’Stroumkonsumenten pro verbrauchter Kilowattstonn een Zouschlag fir d’Stroumnetz bezuelen, wann si iwwert hirem Duerchschnëttskonsum vum viregte Joer leien an dësen Zouschlag benodeelegt grad déi Leit, déi an erneierbar Technologien investéiert hunn an d’Energiewend ënnerstëtzen (11 Cent laut Wort-Artikel 10/1/2025);
  • D’Stroumgesetz vum 2007 souwéi ee groussherzoglecht Reglement vum 7ten Abrëll 2022 gesi vir, dass d’Leit hire selwer produzéierte Stroum vun hirer Photovoltaikanlag zu engem staatlech garantéieren Aspeisetariff oder zum Maartpräis an d’Stroumnetz kënnen aspeisen;

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:

  1. deene Leit, déi Stroum mat hirer Photovoltaikanlag an d’Netz aspeisen, déi selwecht Konditioune fir d’Netzkäschten zouzegestoen, wéi wann si de Stroum konsuméieren.

Zesummenhang posts

De Luxembourg Film Fund (Fonds national de soutien à la production audiovisuelle) wäert déi nächst véier Joer eng staatlech Finanzéierung vu ronn 180 Milliounen
An der parlamentarescher Fro n° 3044 hat ech nogefrot, no wéi enge Krittären Héichsëtzer fir d’Juegd dierfen opgestallt ginn an a wéi enge Situatioune
Zënter 2023 dierfen d’Leit Cannabis legal zu Lëtzebuerg ubauen a konsomméieren, dëst allerdings nëmmen bei sech doheem ëmmer ënnert strenge Bedingungen. Wat de Stroosseverkéier