Solaranlagen a Gréngzonen

Déi aktuell Majoritéit fërdert iwwert verschidden Instrumenter de Bau vu Solaranlagen zu Lëtzebuerg. Vill Leit sinn iwwerzeegt vun der Sonnenenergie a wëllen dofir och eng Photovoltaikanlag bauen. Mir gouf awer zougedroen, dass et speziell bei Gebaier, déi a Gréngzone stinn, méi komplizéiert ass, fir Solarpanels z’installéieren, well een hei nach zousätzlech d’Geneemegung vum Ëmweltministère brauch. An der Äntwert op d’Fro n°3046 haten d’Ministeren erkläert, dass prinzipiell Solarpanels autoriséiert ginn, “soufern sech duerch d’Installatioun d‘Daachform net ännert, d’Panneauen an däischtere Faarftéin sinn an net blénken. Eng Installatioun vu Solarpanneauen op Stänneren op den Diecher vu Gebaier an der Gréngzon ännert de visuelle Charakter vun dëse Gebaier a féiert an der Reegel zu engem gréisseren Impakt, dee konträr ass zum Zil vum Naturschutzgesetz.”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Demandë fir Geneemegunge vu Solarpanels op Gebaier a Gréngzone goufen et zënter 2014?
  2. Wéi vill Demandë goufen ofgeleent an aus wéi enge Grënn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6856

Äntwert

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt