Sprooche-Reegelung a konsultativen Gemengekommissiounssitzungen

Mir ass zougedroe ginn, dass an der Gemeng Käl-Téiteng d’Sitzunge vu verschiddene konsultative Kommissiounen op Nofro vun der lokaler ADR-Sektioun ganz op Franséich ofgehale solle ginn an d’Majoritéit vun de Kommissiounsmemberen dorobber insistéiert, dass all déi uwiesend Memberen sech nëmmen an der franséicher Sprooch dierften ausdrécken. 

Et ass a Kommissiounen um Gemengenniveau normalerweis esou, dass d’Sitzungen op Lëtzebuergesch gehale ginn, mee kee Gesetz verbitt oder schreift vir, dass nëmmen eng vun den dräi Amtssproochen dierf genotzt ginn. D’Artikele 14 a 15 vum Gemengegesetz leeë fest:
“”Art. 14. La langue usuelle parlée au conseil communal est le luxembourgeois. Les conseillers peuvent s’exprimer également dans l’une des autres langues visées à l’article 3 de la loi du 24 février 1984 sur le régime des langues. Nul ne saurait toutefois demander une interprétation de la langue parlée ou une traduction des documents écrits présentés en une des langues visées par la loi précitée ou en toute autre langue.””

“”Art. 15. Le conseil communal peut constituer des commissions consultatives dont la composition, le fonctionnement et les attributions sont fixés par règlement d’ordre intérieur. […]””

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Dierf eng konsultativ Kommissioun sech reng op Franséich verstännegen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 558

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene