Sevrage – Nikotinofhängegkeet

Den Nationale Plang géint den Tabak 2016-2020 huet verschidde Moossname fir d’Hëllef beim Ophale mat Fëmmen virgesinn. Zënter der Aféierung vun dësem Plang ass awer eng impressionant Panoplie vun neien Nikotin-Produkter op de Marché komm, déi besonnesch eis Jugend unzéien. De rezente Gesetzesprojet 8333 proposéiert e quasi Verbuet vun neien nikotin-baséierte Produkter. An deem Kontext ass et wichteg ze verstoen, wéi de Ministère seng Approche fir d’Preventioun an d’Ënnerstëtzung beim Ophale mam Fëmmen ugepasst huet.

An deem Zesummenhang wéilt ech der Madamm Ministesch dës Fro stellen:

  1. Wéi huet sech d’Ëmsetzung vun de Moossname fir d’Ënnerstëtzung beim Ophale mam Fëmmen aus dem Plang 2016-2020 entwéckelt? Wat ware besonnesch Erfolleger oder Erausfuerderungen?
  2. Ginn et Zuelen iwwert d’Effektivitéit vun de Sevrage-Moossname säit 2016? Wéi vill Leit hunn dës Hëllef a Usproch geholl a wéi héich war d’Erfollegsquot?
  3. Wéi goufen d’Sevrage-Programmer säit 2020 ugepasst fir de neie Realitéite vum Nikotinkonsum bei Jonke Rechnung ze droen?
  4. Gëtt et spezifesch Moossname fir Jonken (a manner Jonken) beim Ophale mat dem Konsum vu Puffs oder aneren neien Nikotin-Produkter ze ënnerstëtzen?
  5. Wéi eng nei Approche wäert de Ministère entwéckele fir de Sevrage ze fërderen, am Fall wou de Gesetzesprojet 8333 ugeholl gëtt an domat vill nei Nikotin-Produiten net méi zougelooss sinn?
  6. Wéi steet de Ministère zur Fuerderung vun der Fondation Cancer fir “Intégrer l’aide au sevrage tabagique dans le parcours patient (orientation pour chaque patient-fumeur de passage en hôpital)“?

Zesummenhang posts

De Sven Clement, Deputéierte vun der Piratepartei, huet e Geriichtsprozess géint de Gesondheetsministère gewonnen. D’Verwaltungsgeriicht huet entscheet, datt hien d’Recht huet, en Abléck an