Sécherheetsfräigabe beim Geheimdéngscht – Wat ass momentan d’legal Basis

Am Artikel “Vertrauen ist gut, Kontrolle ist besser” vu Reporter.lu gëtt op eng Réi Problemer beim legaler Kader vun de Sécherheetsfräigaben opmierksam gemaach. 

Laut der NATO Personal-Sécherheetsdirektiv ass eng Kontroll vun den zentrale Geriichtsarchiven an/oder aner vergläichbare Regierungs- a Policedossieren néideg als Deel vun enger Sécherheetsenquête.  Am Orginal Text vum Gesetzesprojet kann een an deem Zesummenhang liesen:
“A ce jour, l’Autorité nationale de Sécurité n’accède légalement qu’aux données figurant dans la partie „recherche“ de la banque de données nominatives de la police générale. En revanche, elle ne dispose pas d’un accès à la partie „documentaire“ de la banque de donnée pré-mentionnée. Alors que le fichier électronique y afférent fait renseigner sur la présence ou non d’un dossier correspondant, les procès-verbaux composant la partie „documentaire“ de ladite banque de données décrivent les faits à l’origine dudit dossier. L’Autorité nationale de Sécurité n’est donc actuellement pas en mesure de connaître le contenu du dossier policier de l’intéressé et ne peut de ce fait pas apprécier objectivement et en connaissance de cause si le demandeur présente toutes les garanties nécessaires à l’obtention d’une habilitation de sécurité.”

An den parlementareschen Amendementer vum Gesetzesprojet n°7741 konnt een dann och liesen:
“L’accès de l’ANS à la partie “rechereche” […] n’étant plus opérationnel depuis la mise en place d’un nouveau fichier central en 2019.” 

An de parlamentareschen Amendementer vum 25. Abrëll 2023 zum Gesetzesprojet 6961 kann ee liesen, datt den Auteur vun den Amendementer der Meenung ass, datt den Enquêteur en Iwwerbléck muss hunn iwwer déi Persoun, déi ënner Enquête steet, fir ofhängeg vum Niveau vun der “Security Clearance” eng Risikoanalys ze maachen an esou festzestellen, ob déi Persounen, déi néideg Garantië présenteiert. Dëst misst laut dem Auteur dozou féieren, datt den Enquêteur den integralen Accès zu all verfügbaren Informatioune vun den repressive Verwaltungen an de Justizautoritéite iwwert déi Persoun huet. Den Auteur argumenteiert weider, datt d’Critèren, op deenen d’Sécherheetsenquête baséiert, d’Enquêteuren verflicht, d’Protokoller an déi verschidde Berichter z’analyséieren.  

Den aktuelle gesetzleche Kader fir den Zougang vum SRE zu Donnéën am Kader vu Sécherheetsenquête ass strikt limitéiert duerch den Artikel 22 vum geännerte Gesetz vum 15. Juni 2016 iwwer d’Klassifikatioun vun den Dokumenter a Sécherheetserklärungen. Dësen gesäit vir, datt den SRE am Kader vun den Sécherheetsenquête ausschliesslech Zougang zu den Dateveraarbechtungsoperatioune huet, déi am Artikel 10 Paragraph 2 vum SRE-Gesetz vun 2016 ernimmt ginn. Den Accès zu de Protokoller a verschidde Berichter vun den repressiven Verwaltungen an der Justiz sinn hei net abegraff.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Deelt de Premier d’Aschätzung vum Auteur vun den parlamentareschen Amendementer vum 25.04.2023 zum Gesetzesprojet n°6961, nodeem d’Critèren, op deenen d’Sécherheetsenquête baséiert, d’Enquêteuren verflicht, déi integral Protokoller a Berichter vun den repressiven Verwaltungen an de Justizautoritéite z’analyséieren, wëssend dass dës vu senge Beamten an der Kommissioun virgestallt gi sinn? 

  2. Hunn d’Enquêteurë vum SRE am Kader vun den Sécherheetsenquête integralen Zougang zu de Protokoller an de verschidde Berichter vun den repressiven Verwaltungen oder de Protokoller a Berichter vum Procureur d’État?
    • Wann jo, zanter weini an op Basis vun wei engem Artikel vu wei engem Gesetz?

  3. Hunn d’Enquêteurë Stand haut Zougang zu den Informatiounen iwwer d’Behuelen an dem Entourage vum Bewerber (an ob dës strofrechtlech relevant sinn oder net) an ob se verurteelt goufen?
    • Wann jo, zanter weini an op Basis vun wei engem Artikel vu wei engem Gesetz?
    • Muss all Persoun am Entourage säin Accord ginn, fir datt dës Informatiounen vum SRE am Kader vun enger Sécherheetsenquête bewert kënne ginn?

  4. Hunn d’Enquêteuren Zougang zu allen Informatiounen, déi zu enger Verurteelungen, Fräispriechungen, Entloossungen oder d’Rehabilitatioun gefouert hunn, esou wei den Auteur vun den parlamentareschen Amendementer vum 25.04.2023 dat vir néideg hällt ?
    • Wann jo, zanter weini an op Basis vun wei engem Artikel vu wei engem Gesetz?

  5. Wat ass de Prozentsaz vun aktuell gültegen Habilitatiounen vu Mataarbechter vum Geheimdéngscht, déi op enger Enquête (initiale oder renouvellement) berouen, wou den Enquêteur accès zu den integralen Procès verbaux an de Rapporten vun der Police hat?

  6. Wat ass de Prozentsaz vun aktuell gültegen Habilitatiounen vu Mataarbechter vum Geheimdéngscht, déi op eng Enquête (initiale oder renouvellement) berouen, wou den Enquêteur accès zu den integralen Procès verbaux  an de Rapporten vun der Justice hat?

  7. Wat ass de Prozentsaz vun aktuell gültegen Habilitatiounen vu Mataarbechter vum Geheimdéngscht, déi op eng Enquête (initiale oder renouvellement) berouen, wou den Enquêteur accès zu den integralen procès verbaux an de Rapporten vun der Douane hat?

  8. Wat ass de Prozentsaz vun aktuell gültegen Habilitatiounen vu Mataarbechter vum Geheimdéngscht, déi op eng Enquête (initiale oder renouvellement) berouen, wou den Enquêteur accès zu den integralen Procès verbaux an Rapporten vun der Administration de l’environnement hat?

  9. Wat ass de Prozentsaz vun aktuell gültegen Habilitatiounen vu Mataarbechter vum Geheimdéngscht, déi op eng Enquête (initiale oder renouvellement) berouen, wou den Enquêteur accès zu dem integralen Dossier personnel vum Demandeur hat?

Fro huet nach eng weider Fro mat engem Tableau déi den an der Pdf Versioun gesidd

Verlaf an der Chamber

Fro

QP Nummer 8193

Zesummenhang posts

Context: Etat de la nation 2024 D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest: Datt eng Réi Mesuren nom Logementsdësch der Chamber proposéiert gi sinn. Dës
Context: Etat de la Nation 2024 D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest: Déi viregt Regierung sech d’Zil gesat hat, datt bis 2030 solle 50
De Plan d’action national pour la promotion des droits des personnes LGBTIQ vun 2018 hält fest, dass eng reegelméisseg Evaluatioun vun der Ëmsetzung vum