Schwaarz Lëscht vum CHL

An engem Artikel am Paperjam vum 7ten September geet riets vun enger Aart schwaarzer Lëscht vu Patienten am CHL, déi do just nach an urgente Fäll behandelt gi, sech soss awer un en anert Spidol musse wenden.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Am Artikel vum Paperjam ass ze liesen, dass d’Leit keen Accès op hier Daten hunn. Kann d’Ministesch dat confirméieren oder hunn déi betraffe Leit nach Accès op hir Daten a kennen si sech déi heemschécke loossen? Wann si keen Accès méi sollten hunn, ass dëst konform mat GDPR?

  2. Wat kennen d’Leit maachen, wann si fälschlecherweis op der Lëscht stinn well si zum Beispill de selwechten Numm hunn wéi eng aner Persoun?

  3. Gëtt déi Lëscht just intern am CHL traitéiert oder gëtt déi och extern, zum Beispill engem anere Spidol, kommunizéiert?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6783

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt