Schanklizenzen fir Alkohol – Nofro

Geschäfter, déi zu Lëtzebuerg wëllen Alkohol verkafen, brauchen dofir eng Schanklizenz (Licence de cabaretage). D’Gesetz vum 29te Juni 1989 portant réforme du régime des cabarets reegelt de System esou, dass d’Unzuel u Schanklizenzen begrenzt ass un d’Awunnerzuel vun enger Gemeng. 

Dës Reegel gouf agefouert mam Argument, dass ee wëll den Alkoholkonsum reduzéieren. Statistiken weisen, dass tëschent 1988 an 2019 den Alkoholkonsum zu Lëtzebuerg ëm ronn 27% erofgaangen ass. Mee och an der Belsch sinn d’Zuelen am selwechten Zäitraum ëm de selwechte Montant erof gaang. Et kann een deemno also net pauschal behapten, dass d’Aféiere vun de Schanklizenzen zu Lëtzebuerg een Impakt op den Alkoholkonsum hei gehat hätt. 

Op der anerer Säit huet d’Reegel de perversen Effekt agefouert, dass verschidde Firmen sech konnten iwwert déi lescht Jorzéngten ee lukrative Maartundeel sécheren, well se där Schanklizenzen a Massen horden. D’Lizenzen kënnen nämlech, soubal se am Besëtz vun enger Firma sinn, fräi um Marché verlount ginn. Grouss Firmen sammelen d’Lizenzen, sécheren sech eng Maartpositioun a verlounen se dann zu hire Konditiounen u kleng Restaurateuren a Cafétieren. 

A menger parlamentarescher Fro n°8332 hat ech mech iwwert d’Unzuel vun de Schanklizenzen informéiert an déi deemolëg Finanzministesch huet u sech meng d’Unahm vun der Maartkonzentratioun bestätegt. D’Zuele weisen, dass eleng zwou Firmen iwwert 1100 vun insgesamt ronn 3200 Schanklizenzen besëtzen (Société A huet 623 Lizenzen, Société B huet 511 Lizenzen, also een Drëttel vun alle Schanklizenzen). 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi steet d’Regierung zum Fakt, dass een Drëttel vum Staat geschafene Lizenzen am Besëtz vun nëmmen zwou grousse Firmen sinn? 

  2. Bekanntenerweis gouf et am Februar eng grouss Fusioun tëschent zwee grousse Gedrénkshändler zu Lëtzebuerg. Wéi hu sech d’Besëtzverhältnisser zënterdeems geännert? Wéi enge 5 Firmen gehéieren déi meeschte Schanklizenzen a wéi vill sinn et pro Firma ?

  3. Fënnt dës Regierung et richteg, dass de Staat esou staark an de Marché agräift an als Konsequenz doduerch vill kleng Cafétieren a Restaurateuren an d’Hänn vun zwou grousse Firmen dreift? 

  4. Wäert d’Regierung eppes ënnerhuelen, fir de Gedrénksmarché ze liberaliséieren an d’Schanklizenzen an der aktueller Form ofzeschafen oder ze reforméieren? 

  5. Firwat schaft d’Regierung net d’Méiglechkeet of, fir Schanklizenzen dierfen ze verlounen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 488

Eischt Fro

https://piraten.lu/schanklizenzen-fir-alkohol/

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene