Wéi Reporter den 13ten Dezember bericht, mëscht d’SES, déi zu 11% direkt dem Lëtzebuerger Staat gehéiert, et méiglech, dass d’Sendere wéi Russia Today weider an Asien an Afrika gesent ginn.
D’Regierung kommentéiert d’Recherchen a mengt, d’Sende vun 3t Staaten un 3t Staaten géingen net ënner EU Sanktioune falen. Op d’Nofro vun Reporter huet d’EU Kommissioun awer kloer wësse gedoen:
“”Il est interdit aux entités basées dans l’Union européenne de transmettre des diffusions ou contribuer autrement à la diffusion directe ou indirecte de ces chaînes sanctionnées.””
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wäert d’Regierung bei SES intervenéieren, fir dass TV-Chaînen, déi kloer vun der EU sanktionéiert a blockéiert ginn, net méi duerch SES gesent ginn?
-
Wéi steet d’Regierung zu der am Artikel zitéierter Ausso vun engem Porte-parole vun der EU-Kommissioun, déi contraire ass zur Positioun vun der Regierung?
-
Geet SES hei an den Ae vun der Regierung de Risiko an vun der EU wéinst Net-anhale vun de Sanktioune géint Russland gestrooft ze ginn?
-
Wéi vill géing d’SES d’Ofschalte vun de Packagen, an deenen dës TV Chaîne mat dra si, kaschten?
-
Wéi oft huet d’SES säit de Sanktioune géint Sputnik a Co bei den afrikaneschen an asiateschen Entitéiten, déi dës TV Chaînen iwwerdroen, nogefrot fir domat opzehalen?
QP Nummer 7364