Ried iwwert Digitaliséierung a gratis Wifi a Lëtzebuerg

Debatt iwwert d’Digitaliséierung vu Lëtzebuerg

M. Marc Goergen(Piraten).-Merci, Här President. Mir Piraten freeën eis, dass dat wichtegt Thema vun der Digitalisatioun haut diskutéiert gëtt, well wuel bal jiddwereen a sengem Liewen vum Digitale betraff ass. Dat huet een och den Owend un de Message gemierkt, déi ronderëm gaange sinn, wéi op eemol Facebook, WhatsApp oder Instagram net méi goungen, an d’Leit sech opgereegt hunn, dass dat digitaalt Liewen awer e bëssen agefall war – nenne mer et emol esou – an engem Owend, well déi sozial Medien net méi esou gaange sinn, wéi een dat gewinnt war.

(Interruption)

Wärend eisem … Dat ass e gudden Zoufall gewiescht. Wie weess, wat d’Amerikaner do gemaach hunn!

Et ass essenziell, net naiv un d’Digitalisatioun erunzegoen. Villes, wat mir bis elo héieren hunn, kléngt am éischte Moment zwar ganz wonnerbar, ass, wann ee sech e bësse mat der Matière auskennt, awer vill méi komplex, wéi et schéngt.

Jo, mir hunn haut d’Chance, mat Hëllef vun neien Technologië villes ze erreechen, wat virdrun ni méiglech gewiescht wär. Mä mir hunn dofir och eng enorm Unzuel un neien Erausfuerderungen, déi sech eis stellen. D’modern Technik wërft nei ethesch a sozial Froen op, an och den Aspekt vum Ëmwelt- a Klimaschutz däerf net vergiess ginn, wann iwwert déi modernsten Technologien a Supercomputere geschwat gëtt, déi zwar vill u Capacitéit leeschte kënnen, mä dofir awer och op eng enorm Consommatioun vun Energie kommen. Wär den Internet e Land, wär et de sechstgréisste Stroumverbraucher um Planéit. 

Datenzentren, zum Beispill déi vu Google, verbrauchen, laut „New York Times“, zesummen esou vill wéi eng Stad vun 200.000 Awunner. 

Wann d’Regierung vun der Digitaliséierung schwätzt, vun Innovatioun, vu Fuerschung an Entwécklung a vu kënschtlecher Intelligenz, dann huet een d’Gefill, alles wär méiglech, e bësse wéi e Mäercheland. Verschidden aktuell nach ongenotzte Potenzialer sollen duerch nei, leeschtungsstaark Technologien, déi natierlech vollständeg ënner mënschlecher Kontroll stoe wäerten, endlech ëmfaassend ausgenotzt ginn.

Esou einfach ass dat alles awer leider net. Am digitale Beräich besteet de Risiko, fir Bewegungs- an Notzungsprofiller unzeleeën a soumat de Bierger geziilt ze erfaassen, wat sécherlech och schonn esou munch grouss IT-Firme maachen.

Deem Risiko gëllt et virzebeugen, fir de Bierger net plakeg virun de Multie stoen ze loossen. Och an eigentlech grad déi nei Technologië si feelerufälleg. Dat soll kee Grond sinn, si iwwerhaapt net méi wëllen anzesetzen. Jiddwereen heibanne weess wuel, dass grad mir Piraten eng grouss Affinitéit vis-à-vis der Technologie hunn, mä dat heescht, dass ee sech iwwert d’Auswierkunge vun hirem Asaz bewosst muss sinn.

E Beispill: Aktuell ass et Programméierer vu sougenannten neuronalen Netzwierker nom Ofschloss vun hirer Aarbecht oft net méi méiglech, am Detail nozevollzéien, wéi d’Maschinn zum Schluss op d’Resultater vun hire Berechnunge kënnt, well d’Berechnungsofleef sech iwwert déi ursprénglech Programméierung eraus entwéckelt hunn. Dat bedeit, dass mir eis engersäits d’Fro stelle mussen, awéifern mir Resultater schafe wëllen, déi net vu Mënsche géigegepréift kënne ginn, an doriwwer eraus awer och iwwerleeë mussen, wat dat fir d’Responsabilitéite vis-à-vis vun eisen Inventioune bedeit.

Grad wann et ëm d’Digitalisatioun am Beräich vun der Medezinntechnik an am Verkéier geet, musse mir dës Froen a Consideratioun zéien a fir de Fall vun engem Feeler oder engem Ausfall virsuergen.

Den digitale Verkéier géif eis méi Sécherheet am Stroosseverkéier erméiglechen, e kann CO2aspueren an de Verkéier leeft méi flësseg duerch eng intelligent digital Stauëmfuerung. E gutt Beispill ass et awer, well digital kënnt d’Technik vill méi schnell virun, wéi eis Stroosse fit gemaach gi fir dësen digitale Wiessel. D’Regierung verpasst esou den Uschloss bei dem autonome Fueren. D’real Welt aktuell ze hale gehéiert och zum Digitalen, an dozou gehéieren och eis Stroossen an eis Schëlter.

Op där anerer Säit muss een awer och ganz kloer op den Dateschutz an deenen Autoe kucken. Et ass esou, dass eis Regierung hei zu Lëtzebuerg leider keng Handhab huet op déi Autoen, déi verkaaft ginn, a wou déi Date vum autonome Fueren hikommen. Do gëllt et ganz kloer, eng EU-Regelung ze treffen, fir virzebeugen, dass déi Date mëssbraucht ginn.

Am Beräich vun der administrativer Digitaliséierung ass et wichteg, dass mir eis net eleng op eng Technologie verloossen, fir am Fall vun enger Pann net ze vill vulnerabel ze sinn, an och, dass eise Stat net vun engem Operateur ofhängeg gëtt, fir den Dateschutz ze garantéieren.

Allgemeng ass et wichteg, sech am Kontext vun neien Technologien net vun dësen ofhängeg ze maachen. Dofir fuerdere mir Piraten säit Laangem, am ëffentlechen Déngscht méi Open-Source-Betribssystemer a -Programmer ze ënnerstëtzen, also déi Programmer, wou ee genau kann nokucken, wat an hirer Programmatioun steet, fir esou d’Sécherheet ze erhéijen. Open-Source-Programmer, fir méi eegestänneg entscheeden ze kënnen, wéi eng Funktioune gewënscht oder eben onerwënscht sinn, fir sech esou manner ofhängeg vu grousse Software-Multien ze maachen.

Dofir deposéiere mir Iech eng Motioun, fir de Stat op Open Source ëmzestellen.

Motion 1

M. Fernand Etgen,Président.-Merci.

M. Marc Goergen(Piraten).-Dëst mat 50 % bis 2021.

Fir e puer Beispiller ze ginn, déi och positiv verlaf sinn. Esou ass a Südafrika hire Krankekeessesystem op Open Source ëmgestallt ginn. Südkorea ass higaangen an huet de Ministerium fir Sécherheet an Inneres, Taiwan eng ganz Administratioun. Neiséiland all d’Schoulen op Open Source ëmgestallt. Wien huet e System entwéckelt, dee Wienux heescht, fir hir Administratiounen. An Däitschland ass et d’Agentur für Arbeit, déi dermat schafft, a Frankräich d’Gendarmerie, déi als positiven Nieweneffekt zum Dateschutz och nach 70 % vun de Käschte konnt senken, wat d’IT ubelaangt.

Am Kontext vun der Digitalisatioun vun den Administratiounen hoffe mir, dass d’Regierung do wierklech déif gräifend Verännerunge virhuele wäert. Et kann net sinn, dass een iwwert de kommerziellen App Store muss goen, fir eng App vum Stat ze benotzen.

Wann ee vun Digitaliséierung schwätzt, da geet et net nëmmen drëm, déi al Pabeierdokumenter elo och als PDF unzebidden. Wat mir brauchen, sinn intelligent Servicer, déi op alle Plattforme funktionéieren an net just mat kommerzielle Produkter wéi Adobe Acrobat.

Wou d’Regierung schonn digital ënnerwee ass, ass de Statstrojaner, ee Programm, deen op de Computer geluede ka ginn, och op dee vun onschëllege Leit, fir se auszespionéieren. Wéi a menge parlamentaresche Froe loosse mir do och net locker, bis d’Regierung endlech mat den Informatiounen erauskënnt, wéi esou Statstrojaner agesat ginn. Well déi Firmen, déi dem Stat esou Programmer verkafen, kënnen dat och u méi béis Leit maachen, déi vill Schued uriichten, an dat mat engem Programm, vun deem vill Staten d’Entwécklung matfinanzéiert hunn.

Schonn aktiv Datebanke mussen opgeraumt ginn an eventuell nei organiséiert ginn, ier mir eis un nei Projete setzen, fir nach méi Daten ze sammelen.

A wat d’Transparenz vun den ëffentleche Säiten a gespäicherten Daten ugeet, musse mer, wei spéitstens elo an der ganzer Affär vun dem geheimen oder net geheime Casier däitlech ginn ass, nach ganz vill Aufgabe gemaach ginn. Do hoffe mir, dass dës Regierung an de kommende Wochen a Méint éierlech a kloer Stellung bezitt a sech doriwwer eraus ganz allgemeng méi konkret fir en transparente Stat asetze wäert.

D’Digitalisatioun ass net nëmmen eng Méiglechkeet, fir d’staatlech Aarbecht méi effizient ze gestalten, mä och eng nei Méiglechkeet, fir d’Bierger méi séier a méi einfach iwwer hir Donnéeën an den Traitement vun dësen ze informéieren.

Allgemeng soll d’Digitaliséierung vun der Regierung net nëmmen als Chance fir de Stat an d’Ekonomie gesi ginn, mä och als Chance fir d’Grondrechter vun den eenzelne Bierger. D’Recht op fräi Meenungsäusserung a souguer beziehungsweis d’Versammlungsrecht stinn hautzudaags och an enkem Zesummenhang mat der digitaler Welt. D’digital Raim an d’Anonymitéit am Netz musse geschützt ginn, fir de Bierger hiert Recht op fräi Meenungsäusserung, awer och hiert Recht, um kulturelle Liewen deelzehuelen a selwer kreativ ze ginn, ze garantéieren.

Ëmmer méi Forme vun zivillgesellschaftlechem Protest ginn iwwert de Medium vum Internet organiséiert oder spille sech komplett am digitale Raum of. Wéi zum Beispill am Fall vun Onlinedemoen, déi et op alle Fall als Form vu legitimmem zivillgesellschaftleche Prozess unzëerkenne gëllt an déi, wann et sech ëm DDOS-Attacken aus Protestgrënn handelt, net dierfe kriminaliséiert ginn.

Et ass och net ze verstoen, dass e ganzt Land weiderhin ënner Generalverdacht gestallt gëtt an nach ëmmer eng Vorratsdatenspeicherung zu Lëtzebuerg automatesch all d’Bierger ausspionéiert. Lëtzebuerg sollt sech op europäeschem Niveau derfir staarkmaachen, dass e Recht op digital Participatioun an der Charta vun den europäesche Grondrechter festgehale gëtt.

Free Wi-Fi. De fräien, gläichen a gratis Zougang zum Internet muss garantéiert sinn, wat eng Viraussetzung fir eng ëmfaassend Biergerparticipatioun ass. Dofir sollt d’Digitaliséierung och als Chance gesi ginn, fir d’Zivillgesellschaft ze begleeden an um nationale Plang besser an de politesche Prozess anzebannen.

Dofir reeche mir Iech haut eng Motioun a fir free Wi-Fi am ganze Land. Wannechgelift, Här President.

Motion 2

No engem äänleche Konzept, wéi d’Kommissioun Juncker dat agefouert huet mat WiFi 4 EU, wou se d’Gemengen aktiv ënnerstëtzt hunn, fir dass déi de Wi-Fi kënnen ubidden, esou kéinte mir eis virstellen, dass dat zu Lëtzebuerg WiFi 4 LU wär. An de Stat géif d’Gemenge begleeden, fir de gratis Internetzougang, wat fir eis e Grondrecht misst sinn, unzebidden.

Et ass och wichteg, bei der Digitaliséierung net nëmmen u villverspriechend nei an héich modern technesch Innovatiounen ze denken, mä och dorun, wéi déi Technologien, déi mir elo vläicht schonn hunn, gewënnbréngend fir d’Populatioun agesat kënne ginn. Do vermësse mir aktuell kloer Pisten, wéi d’Regierung d’Digitalisatioun an Zukunft notze wëllt, fir de Bierger d’Politik méi nozebréngen. D’Recht op politesch Participatioun kéint am digitalen Zäitalter vill méi villfälteg ausgeluecht ginn, wéi dat aktuell de Fall ass.

Héich Investitiounen, performant Fiberen a leeschtungsstaark Computere sinn eng Viraussetzung fir e gelongenen Digitaliséierungsprozess. Mä dat eleng geet net duer. Dee richtegen Asaz vun dësen Outilen, deen all Bierger et erlabe soll, vun der Technologie ze profitéieren, se effektiv ze notzen, ouni dass d’Natur an d’Ëmwelt doduerch belaascht ginn, ass vill méi wichteg.

Mir hoffen, dass d’Regierung sech dëser Tatsaach nach bewosst gëtt an net just Geld an déi deier Infrastrukture stieche wäert, déi duerno wéineg um reelle Liewe vun de Leit ännere wäerten. Net de Mënsch a säi Wonsch no unhalendem Fortschrëtt soll am Mëttelpunkt vun der Digitaliséierung stoen, mä déi ganz Gesellschaft an d’Ëmwelt mussen als Unhaltspunkt fir eng erfollegräich Digitaliséierung am Fokus vun eisem Handele stoen.

Ech soen Iech villmools Merci.

M. Fernand Etgen,Président.-Merci villmools, Här Goergen. Dann huet d’Regierung d’Wuert, den zoustännege Minister fir d’Digitaliséierung, …

Une voix.- Ah!

M. Fernand Etgen,Président.-… den Här Marc Hansen.

Plusieurs voix.- Très bien !

Zesummenhang posts

Le parti Pirate a tenu le 29 septembre une conférence de presse sur le sujet “Un monde du travail équitable pour aujourd’hui et demain”.
Am Walkampfofkommes ass festgehaale ginn, dass Ministeren a Ministeschen an der Ausübung vun hirem Mandat wärend der Period vum Walkampf keng bezuelte Reklammen iwwert