Ried iwwer d’Erhéijung vum Mindestloun

Ried zum Gesetzesprojet 7381 & 7391 iwwert d’Erhéijung vum Mindestlouhn souwéi dem REVIS
Vott Piraten : dofir

M. Marc Goergen (Piraten).- Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, léif Matbierger, fir d’Éischt emol e Merci un de Rapporteur Georges Engel fir dee Bericht, deen en esou schéi gemaach huet.

Wa mer vum Mindestloun schwätzen, da schwätze mer vu méi wéi nëmmen enger Zuel. Mir schwätzen hei vun deem Verdéngscht, mat deem d’Leit hir Existenz ofsécheren. Mir Piraten sti fir sozial Kohäsioun. Mir setzen eis dofir an, dass déi sozial Schéier tëscht Grouss- a Klengverdénger zesummekënnt. All Eenzelnen an der Gesellschaft sollt déi gläich Viraussetzungen hunn, fir säi Liewe fräi ze gestalten.

Aus dësem Grond stelle mir eis enger Erhéijung vum Mindestloun net an de Wee. Mir hätten awer ganz gär gehat, wann déi méi wéi nëmmen 1,1 % gewiescht wär.

De Mindestloun, dat ass de Präis, dee mer als Gesellschaft jiddwerengem mindestens dofir garantéieren, fir seng Aarbechtsleeschtung un e Patron – jo! – ze verkafen. Wie beim Mindestloun spuere wëllt an de Leit hiren Existenzminimum verweigert, dee kraazt de Leit hire leschte Botter nach vun der Kuuscht.

An d’DP huet virdrun hei d’Diskussioun ugefaangen: „Moies muss een opstoen an nach Loscht hunn, fir schaffen ze goen.“

Gi mer dann elo emol hi mam Mindestloun: Do si ganz vill Leit, déi wëssen den 21. vum Mount schonn net méi, wéi se um Enn vum Mount sollen auskommen! Déi soen: „Oh, wat geschitt dann elo? Wéi gi mer dann do nach virun?“

Do muss een awer emol ganz kloer soen: Wann d’Leit moies déi Motivatioun sollen hunn, fir schaffen ze goen, da muss awer och herno eppes iwwreg bleiwen. Ech mengen, mir mussen net d’Diskussioun féieren, wéi wann een, deen haut de Mindestloun huet, herno nach esou vill op e Spuerkonto kéint leeën.

Dann, mir hunn deen héchsten an Europa, mä dat ass och esou en Zuelentrick. Gitt emol eng Kéier hin a rechent et prozentual zu de Käschten, déi een huet, fir hei ze wunnen! Ech mengen, da kommt Der net méi op esou eng schéin Zuel, wéi se virdrun hei presentéiert ginn ass.

An den 1. Januar, jo, et mag sinn, dass do elo d’LSAP dat versprach hat. An ech ginn och fest dovun aus, dass d’Kolleege vun der LSAP dat éierlech gemengt hu virun de Wahlen an dat och gären ëmgesat hätten.

(Brouhaha)

Mä ech hunn de Verdacht, dass ee Koalitiounspartner dat verhënnert huet.

D’Madamm Cahen ass elo leider eraus.

M. Claude Haagen (LSAP).- Leet Äre Kapp a Rou, dat geet schonn!

Une voix.- Mir wäerten dat scho maachen.

M. Marc Goergen (Piraten).- Mä ech gi fest dovunner aus, dass d’DP do gebremst huet, fir déi sozial Mesure ëmzesetzen.

Une autre voix.- Aah! Elo wësse mer et.

(Interruption)

M. Marc Goergen (Piraten).- Wa mer vun engem Mindestloun schwätzen, schwätze mer nach laang net vun engem faire Loun. Et ass méi wéi evident, dass och dës Erhéijung vum Mindestloun net duergeet, fir d’Schéier tëschent Aarm a Räich zesummenzeféieren. Déi Erhéijung heescht konkret, dass d’Leit ronn 22 Euro méi um Enn vum Mount wäerten hunn. Ob de Leit, déi vum Mindestloun liewe wäerten, domadder wierklech gehollef ass, dat loosse mer emol am Raum stoen.

Net ze vergiessen, dass, wann een d’Budgete kuckt vun de Gemenge fir d’nächst Joer, op ville Plazen déi Taxen nach wäerten an d’Luucht goen. A wéi mer virdrun héieren hunn, gëtt jo och nach eng Kéier de Spritt méi deier. An ech mengen, et ass eng ganz Lëscht – esou vill Riedezäit huet een net -, wat alles nach wäert méi deier ginn. Deementspriechend sinn déi 22 Euro ganz schnell erëm opgiess.

(Interruption)

Jo! Wéini? D’Leit brauche se!

(Interruption)

Maacht virun! Dat ass et, wat zielt!

(Interruption par M. Claude Haagen)

Jo, dat hëlleft de Leit awer net direkt.

M. Claude Haagen (LSAP).- Dat ass richteg.

M. Marc Goergen (Piraten).- Gesitt Der emol! Mir gesinn déi Erhéijung net als Kaddo, och net als Verdéngscht vun enger Partei. Et ass keng sozial Wohltat säitens der Regierung, mä hei gëtt einfach nëmmen eng Upassung gemaach. Vun deenen 100 Euro netto, déi versprach gi sinn, falen der also 22 ënnert dës Augmentatioun.

Mir fuerderen, dass d’Regierung sech hirer Verantwortung wierklech stellt an effektiv Mesuren hëlt, déi den Aarmutsrisiko zu Lëtzebuerg begrenzen.

De Mindestloun muss, wa mer vu Sozialpolitik schwätzen, mindestens 20 % iwwert dem Aarmutsrisiko leien. Eréischt da kann ee vun engem Mindestloun schwätzen, deen de Begrëff „Loun“ och gerecht verdéngt huet.

Mir stëmmen dës Erhéijung mat, hätten awer léiwer eng Zuel gehat, déi vill méi héich ass wéi 1,1 %. Ech soen Iech Merci fir d’Nolauschteren.

Une voix.- Très bien !

M. Fernand Etgen, Président.- Merci, Här Goergen. An elo huet d’Regierung d’Wuert. Här Aarbechtsminister Dan Kersch, wannechgelift.

Zesummenhang posts

De Centre pénitentiaire d’Uerschterhaff ass zoustänneg fir d’Leit, déi an Untersuchungshaft sinn. Eisen Informatiounen no, si beim Bau vum Uerschterhaff och Büroe fir Untersuchungsriichter
Zënter Jore gëtt doriwwer diskutéiert, fir an der Rue de Linger op der Gemengegrenz tëschent Käerjeng a Péiteng ee gemeinsamen Zenter fir d’Police an