Am Mäerz hat ech d’Gesondheetsministesch an der parlamentarescher Fro n°4160 ëm Erklärunge gebieden, wat de Choix u Schnelltester zu Lëtzebuerg ugeet. Esou goufen et Differenzen tëscht den Decisioune vun den däitschen an de lëtzebuergeschen Autoritéiten. Elo huet d’FDA, déi amerikanesch Food and Drug administration, eng Decisioun geholl par Rapport zu Schnelltester vun der Firma Beijing Lepu Medical Tecchnology Co., Ltd., déi, wéi d’Ministesch an der Äntwert op meng Fro erkläert, hei an der Educatioun agesat ginn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Weess de Gesondheetsministère ëm de Réckruff vun der Firma Lepu Medical bëtreffend de ‘SARS-CoV-2 Antige Rapid Test Kit’ a ‘Leccurate SARS-CoV-2 Antibody Rapid Test Kit (Colloidal Gold Immunochromatography)’, well de Risiko fir falsch Resultater laut Hiersteller ze héisch ass?
-
Wéi erkläert sech d’Regierung, dass d’FDA een Avis raus ginn huet, fir dës Tester net méi ze benotzen? Wéi steet si zu de Bedenken, déi vun der FDA geäussert goufen?
-
Wat fir Folge wäert d’Decisioun vum Hiersteller, all d’Tester zréck ze ruffen, déi nom 20ten Mäerz produzéiert goufen, op d’Notze vun de Schnelltester zu Lëtzebuerg hunn?
-
Wéi eng Folge wäert dës Entwécklung op d’Schnellteststrategie an de Schoulen hunn?
QP Nummer 4539