Réckbléck op d’parlamentaresch Aarbecht vum Mount November

Ahoi,

Waat ass an der Chamber esou am November geschitt?

Wéi ëmmer leie bei enger Rei parlamentaresche Froe schonn d’Äntwerte vun der Regierung vir a bei aneren nach net. D’Äntwerte ginn ëmmer am Websäitebäitrag ënnert der Fro verlinkt, soubal dës virleien. Wann dir also virwëtzeg sidd, wat d’Regierung zu enger vun den nach net beäntwerte Froe wäert soen, surft roueg an e puer Wochen nach emol mat de Links aus dëser Mail op eiser Websäit laanscht a kuckt iech d’Äntwerten un.

***

Hei fannt dir elo déi Themen, déi iech besonnesch interesséieren:

Aussepolitik: 

Den November ass traditionell de Mount vun der Ried zur Aussepolitescher Situatioun awer och de Mount wou de Bilan iwwert d’Lëtzebuerger Entwécklungshëllef gezu gëtt.

Zum Thema Aussepolitik huet de Sven Clement eng Ried an der Chamber gehalen. Theme waren ënnert anerem déi ze laang Asyl-Prozeduren, de Verstéiss géint europäescht Recht vun Ungarn a Polen an d’Verdeelung vu Vaccinen: https://www.chd.lu/ArchivePlayer/embed/3427/sequence/184705.html

De Marc Goergen huet dann d’Pirate beim Debat zur Entwécklungshëllef vertrueden. Hei goung et e.a. ëm d’Klimakris a d’Chancë vu Kryptowärungen:

https://www.chd.lu/ArchivePlayer/embed/3438/sequence/185812.html

Dëse Mount konnten d’Piraten dann erëm ee Gastbeitrag am Lëtzebuerger Land verëffentlechen. Dës Kéier huet de Starsky Flor, eise Spriecher, sech mam Thema Mënschen op der Flucht tëscht Belarus a Polen beschäftegt. Fir eis Piraten ass d’Situatioun an där déi Leit an der Keelt a Bëscher tëscht lauter Zaldote mussen ausharren net z’akzeptéieren, a mir erwaarden, dass jidderee vun hinne versuergt gëtt an, dass jiddereen dierf seng Demande fir Asyl stellen.

Liest hei de ganzen Artikel: https://piraten.lu/belarus-zu-gast-am-land-26-11-2021/

Och am November huet d’Piraten dann de NSO/Pegasus Skandal beschäftegt. D’Ministeren hunn all d’Responsabilitéit vu sech gewisen. D’Piraten si schockéiert, dass eis Regierung Spionagesoftware akaaft huet an asetzt. Mir fuerderen hei séier Verbesserungen a Punkto Kontrollmechanismen, ier den nächsten internationale Skandal bekannt gëtt, an deem Lëtzebuerg dann erëm eng traureg Haaptroll spillt.

https://piraten.lu/nso-skandal-piraten-fuerderen-emdenken/

Den Deputéierte Marc Goergen huet dann och eng Fro zur Zwangsaarbecht vun Uiguren a China gestallt:

Wéi an a wat fir engem Kader huet de Lëtzebuerger Ausseminister d’Situatioun vun den Uiguren thematiséiert? Hat Decisioun vun der USA, fir verschidden Textilhiersteller op eng schwaarz Lëscht ze setzen, bis elo een Afloss op Lëtzebuerg?

https://piraten.lu/zwangsaarbecht-vun-uiguren/

***

Bildung:

Ginn d’Chargés de Cours am Fondamental benodeelegt? Mir hunn eng Fro zu de Formatioune gestallt: https://piraten.lu/charges-2/

EduPole Walfer – Wéi gesäit d’sanitär Situatioun aus a wéi eng Mesure si geplangt?             

https://piraten.lu/edupole/

***

Déiereschutz:

Och dëse Mount hu mer erëm op Mëssstänn bei eisen Déieren higewisen : https://piraten.lu/partenariat-list-mat-kosmetikfirma/

An dëser parlamentarescher Fro wëlle mer wëssen, ob fir ee Kosmetik-Projet vum LIST och Déiereversich wäerte gemaach ginn, wat an eisen Aen net vertrietbar wier.

https://piraten.lu/pelzverbuet-an-europa-wei-gesait-et-aus/

Mir hunn dann och mol eng Keier beim Thema Pelzverbuet bei der Regierung nogehakt, wou bis elo nach näischt geschitt ass. Virun 2 Joer haten d’Piraten eng Diskussioun iwwert d’Pelzverbuet an der Chamber ugestouss. Mir haten d’Regierung opgefuerdert, de Verkaf vun Zuuchtpelzer nach an dëser Legislaturperiod ze verbidden. Eis entspriechend Propose gouf awer vun de Majoritéitsparteien ofgeleehnt a de Minister hat gesot, e wéilt op europäeschem Niveau dono kucken.

https://piraten.lu/fro-lu-fuuss-zu-kiehlen/

Mir kruten dann och nach eng Fro op fro.lu gestallt, wou mer keng Sekonn gezéckt hunn fir se ze stellen. D’Naturverwaltung hat hei nämlech ee Kielener Fuuss, deen anscheinend 3 Leit gebass huet, gefaangen an duerno erschoss. Dëse Fuuss gouf awer negativ Tollwut getest, wat mir respektlos vis-à-vis vum Déier fannen, well him ouni Beweiser d’Uerteel gemaach gouf.

***

Digitaliséierung & Dateschutz

Wéi gi perséinlech Daten am Kader vun der Campagne fir e Referendum behandelt?

https://piraten.lu/dateschutz-referendum/

D’Piraten hu schonn eng ganz Rei Froen zum Pegasus-Skandal gestallt. Elo steet fest, dass den NSO-Grupp vun den USA op d’schwarz Lëscht gestallt gouf. D’Piraten hunn eng Fro gestallt a reagéiert:

https://piraten.lu/dnso-group-kennt-op-dschwaarz-lescht/
https://piraten.lu/nso-skandal-piraten-emdenken/

A ganz spezielle Fäll kann d’Justiz Asiicht an Chatverleef froen. Wat fir Informatioune freet d’Justiz beim Messengerdéngscht ‚Signal‘?
https://piraten.lu/messengerdengscht-signal/

***

Ëffentlechen Déngscht: 

D’Piraten hunn bei der Regierung nogefrot, wéi et a Punkto Dateschutz beim Sammele vun Ënnerschrëfte fir e Referendum leeft: https://piraten.lu/dateschutz-referendum/

Och hunn mir nogefrot, wéi vill de Staat déi d’Erhéijung vun der Primm fir de Bereetschaftdéngscht wäert kaschten. Wann een d’Stonnenindemnisatiounen op Fallbeispiller an der Realitéit norechent, erginn sech zum Deel Bereetschaftsprimme vun e puer dausend Euro pro Mount pro Salarié. Ee Salarié kéint deemno pro Mount ee Maximum vu bal 5000€ un Zouschléi erwirtschaften. https://piraten.lu/erheijung-vun-der-primm-fir-de-bereetschaftsdengscht-am-effentlechen-dengscht/

***

Finanzen:

Dëse Mount hunn d’Piraten eng ganz Partie Froen un de Finanzminister gestallt. Zum Beispill goung et ëm d’Besteierung vu CBD-Produiten https://piraten.lu/accisen-op-cbd-produiten/ awer och ëm d’Taxe déi een säit Juli bei der Post muss fir verschiddene Päck aus dem Net-EU-Länner nobezuelen taxe-dei-een-bei-bestellungen-muss-nozebezuelen/”>https://piraten.lu/taxe-dei-een-bei-bestellungen-muss-nozebezuelen/ .

Och wann aus der Steierreform näischt gëtt, bleiwe mir Piraten drun an esou huet de Sven Clement nogefrot, wéi vill et de Staat géing u Recettë verléieren, wann d’Wittmänner a Wittfraen endlech net méi an d’Steierklass 1 resp. 1a géingen zréck falen. Mir si gespaant op d’Äntwert https://piraten.lu/witwesteier/ .

***

Gläichberechtegung:

Firwat bleift déi ongerecht Besteierung vu Wittleit? Wat bréngt si dem Staat u Recetten? Mir hunn nogefrot:

https://piraten.lu/witwesteier/

Firwat ginn et net genuch PMR-Parkplaze beim nei gebaute Futtballstadion?
https://piraten.lu/pmr-stadion/

***

Innepolitik & Gemengen:

Fir vill Leit ass et ee vun de schéinsten Deeg am Liewen. Bei der Hochzäit ginn zwou Persounen, déi sech immenz gären hunn, d’Jo-Wuert op enger Zeremonie um Standesamt. Mee wien däerf, ausser dem Buergermeeschter, d’Hochzäitszeremonien duerchféieren?

https://piraten.lu/hochzaiten-ofhalen/

***

Integratioun & Soziales:

Enn November ass d‘Orange Week zu Lëtzebuerg ugaangen. Eng Initiative géint Gewalt u Fraen a Meedercher. Eis Spriecherin, d‘Rebecca Lau, huet sech zu Wuert gemellt:
https://piraten.lu/gewalt-hat-viele-gesichter/

Och d’Regierung huet bei der Orange Week matgemaach mam Projet „Gewalt kënnt net an d’Tut“ bei deem eng Rei Bäcker matgemaach hunn. Mir wollte wësse wéi dës Betriber gewielt gi sinn: https://piraten.lu/campagne-gewalt-kennt-net-an-dtut/

Eis Spriecher hu sech dëse Mount mam Thema vum Sans-Abrisme beschäftegt.
Hei fannt Dir Videoen https://www.youtube.com/watch?v=Viih2Ltdovc; https://youtu.be/PK53bDq2aSE

an och eng parlamentaresch Fro: https://piraten.lu/de-sans-abrisme-zu-letzebuerg-nofro/

***

Justiz:

Enn November ass d‘Orange Week zu Lëtzebuerg ugaangen. Eng Initiative géint Gewalt u Fraen a Meedercher. Eis Spriecherin, d‘Rebecca Lau, huet sech zu Wuert gemellt:
https://piraten.lu/gewalt-hat-viele-gesichter/

A ganz spezielle Fäll kann d’Justiz Asiicht an Chatverleef froen. Wat fir Informatioune freet d’Justiz beim Messengerdéngscht ‚Signal‘?
https://piraten.lu/messengerdengscht-signal/

***

Logement:

De Mangel un erschwénglechem Wunnraum bleift weiderhin de gréisste Problem hei am Land. Dëse Mount koum eng weider Etude vum Observatoire de l’Habitat eraus, wou drasteet, dass zu Lëtzebuerg nach 3 732 Hektar Land fir de Wunnengsbau kéinte benotzt ginn an deemno Platz fir 300 000 weider Persoune wier. Eng 505 Hektar sinn am Besëtz vum Staat an dofir wëlle mir wëssen, wou de Staat mat sengen Terrainen mam Bau drun ass.

https://piraten.lu/baulandreserven/ 

Bei verschiddene Bauprojekter ass et esou, dass een nieft enger Baugeneemegung bei der Gemeng och eng Geneemegung vum Kulturministère an/oder dem Ëmweltministère brauch. Den Ëmweltministère analyséiert notamment den Impakt vum Bauprojet op déi direkt Ëmwelt. Mir wëlle wëssen, ob den Ëmweltministère Projeten och nach aus anere Grënn ka blockéieren.

https://piraten.lu/kompembau/

***

Mobilitéit:

Am Dezember geet déi nei Tankstell um Echangeur Steebrécken op. Déi huet d’Regierung sech 71 Milliounen kaschte gelooss an dovunner wäert elo Total Energies gudd profitéieren. Mir wollten wëssen, wéi déi ëffetnelch Ausschreiwung, wou Total den Zouschlag krut, ofgelaf ass.

https://piraten.lu/steebrecken-2/

De 25te September gouf de neie Futtball- a Rugbystadion zu Lëtzebuerg ageweit. Zanterdeem ass de Stadion och scho fir verschidden Eventer benotzt ginn, sou och beim leschte Lännermatch vun der lëtzebuergescher Futtballnationalekipp géint Irland. Wéi eis awer vun e puer betraffene Persoune matgedeelt gouf, wieren wéineg Parkplaze fir Persoune mat kierperleche Beanträchtegungen beim Stadion. Effektiv sinn um oppene Parking insgesamt 6 vun 228 Parkplatzen fir Persoune mat enger Beanträchtegung reservéiert.

https://piraten.lu/pmr-stadion/

***

Santé:

D’Piraten hunn op déi rezent ugekënnegt Mesure reagéiert:
https://piraten.lu/reaktioun-covid-mesuren/

Ëmmer méi gefälschte Covid-Certificaten sinn an Ëmlaf. D’Piraten hunn eng Motioun deposéiert, fir d’Covid-Check-App unzepassen:
https://chd.lu/wps/portal/public/Accueil/TravailALaChambre/Recherche/RoleDesAffaires?action=doMotionDetails&id=3673
https://www.chd.lu/ArchivePlayer/video/3439/sequence/186040.html

Selbstverständlech hu mir och nees eng ganz Rei parlamentaresch Froe gestallt zum Thema Covid:

https://piraten.lu/impfungen-a-praxissen/
https://piraten.lu/kaschten-vun-covid-19-fir-eisen-gesondheetsystem/

https://piraten.lu/covid-19-patienten/

https://piraten.lu/fro-lu-delai-booster-impfung-fir-astrazeneca/

https://piraten.lu/mei-kuerz-delaien-bei-den-booster-impfungen/

https://piraten.lu/13000-astrazeneca-dosen-dei-enn-des-mounts-oflafen/

https://piraten.lu/fro-lu-statistiken-zum-impftaux/
https://piraten.lu/reliounsgemeinschaften/

https://piraten.lu/edupole/

D‘Waardezeite bei Spezialiste sinn oft laang. Mir wollte wëssen op et aktuell Enkpäss bei den Orthopede gëtt:
https://piraten.lu/waardezaiten-bei-orthopeden/

***

Wirtschaft:

Hei huet de Piraten Deputéierte Marc Goergen Froen zu enger ganzer Réi Theme gestallt. Wéi gesäit et zum Beispill am Kader vun engem Partenariat mam LIST (een Etablissement public) an enger Kosmetikfirma aus, wäerten hei Dierenversich duerchgefouert ginn? https://piraten.lu/partenariat-list-mat-kosmetikfirma/

Wéi steet et mam Kaf vu Kryptowärungen: Musse Privatpersounen a Betriber just op een eventuelle Gewënn beim Tausche vu Krypto op eng vun der Zentralbank unerkannte Wärung Steiere bezuelen an net wann si dës géint physesch Wueren ëmtauschen (zum Beispill een Tesla)? https://piraten.lu/kaf-vu-wueren-mat-kryptowahrungen/

***

Wéi ëmmer leie bei enger Rei parlamentaresche Froe schonn d’Äntwerte vun der Regierung vir a bei aneren nach net. D’Äntwerte ginn ëmmer am Websäitebäitrag ënnert der Fro verlinkt, soubal dës virleien. Wann dir also virwëtzeg sidd, wat d’Regierung zu enger vun den nach net beäntwerte Froe wäert soen, surft roueg an e puer Wochen nach emol mat de Links op eiser Websäit laanscht a kuckt iech d’Äntwerten un.

 

Hunn iech nach Theme gefeelt, zu deenen dir hätt wéilte méi wëssen?

Iwwert deen heite Link kënnt dir ee personaliséierten Newsletter ufroen oder upassen : https://piraten.lu/newsletterumeldung/

Zesummenhang posts

Als politesch Reaktioun op d’militäresch Invasioun vun der Ukrain duerch Russland, hunn d’EU-Staaten wirtschaftlech Bestrofungen géint Russland decidéiert, dorënner een Importverbuet vu Pëtrol. D’Plattform
Am Gesetz vum 1ten August 1972 an den dozou gehéierende Reglementer ass festgehalen, dass d’Äsche vu Verstuewenen nëmmen dierfen op ausgewisene Plazen opgehuewe ginn.
Wëldkamerae gi vu Jeëer, awer och zum Deel vu Wësseschaftler:inne benotzt, fir Informatiounen iwwert d’Wëld ze sammlen. Dës Kameraen si mat engem Bewegungsmelder ausgestatt